Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Pierre Bertogne, gebuer de 25. Juni 1898 zu Lëtzebuerg[1], a gestuerwen den 10. Februar 1990, war e Lëtzebuerger Drogist, Fotograf a Filmemécher. Hien hat eng Drogerie zu Lëtzebuerg an der Groussgaass an huet do och Fotoapparater a Filmkamerae verkaaft.

Pierre Bertogne
Gebuer 25. Juli 1898
Lëtzebuerg
Gestuerwen 10. Februar 1990
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf, Filmregisseur

De Pierre Bertogne war ee vun de Grënner vun de lëtzebuergeschen Amateur-Cineasten a war och 1952 hiren éischte President.

Filmer vum Pierre Bertogne änneren

  • 1930er oder 40er Joren: Eng Reliounsstonn op der Gare (19 min)[2]
  • 1936: D'Weesekanner op der Schueberfouer (10 min)
  • 1938: D'Louschläissen am Eisléck (14 min)
  • 1938: Le contrôle du marché par l'inspecteur Bernard (10 min)
  • 1939: D'Jorhonnertfeier zu Réimech (7 min)
  • 1939: Mëllech a Botter (40 min), zesumme mam Alfred Heinen
  • 1944: Lëtzebuerg ass fräi (17 min)
  • 1945: Régions dévastées, Echternach (10 min), zesumme mam Pierre Kintzinger

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Luxembourg, Registres d'état civil. Gekuckt de(n) 23 oct 2020.
  2. CNA