Kierch Esch-Sauer

kathoulesch Kierch

D'Kierch zu Esch-Sauer ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Esch-Sauer gehéiert.

Kierch vun Esch-Sauer
Parkierch vun Esch-Sauer (2015)

Parkierch vun Esch-Sauer (2015)
Parkierch vun Esch-Sauer (2015)
Uertschaft / Plaz Esch-Sauer
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Mariä Gebuert
Baujoer 1757
Koordinaten 49° 54’ 40.3’’ N
      05° 56’ 05.4’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Kierch vun der Buerg aus gesinn (2015)

D'Kierch ass der Gebuert vun der Muttergottes Maria geweit. D'Fest gëtt den 8. September gefeiert.

Se steet an der Kierchestrooss net wäit vun der Buergruin.

Den 11. Januar 2024 gouf s'als nationale Kulturpatrimoine klasséiert[1]

Geschicht änneren

D'Par Esch-Sauer war am Joer 1803 entstanen. Virdrun huet d'Uertschaft zur Par Eschduerf gehéiert.

Bis de 7. Mee 2017 war d'Kierch vun Esch-Sauer och d'Parkierch vun der Par Esch-Sauer. Zur fréierer Par Esch-Sauer huet ausser der Parkierch vun Esch-Sauer och nach d'Kräizkapell, déi um Kierfecht steet, an d'Schlasskapell vun der Buerg Esch-Sauer gehéiert.

D'Kierch ass 1757 op méi ale Fëllementer nei opgebaut ginn. Den Tuerm ass vun 1806.

De barocken Héichaltor ass an der Abtei Orval entstan. An der zentraler Nisch vum Altor iwwer dem Dréitabernakel steet zanter 1779 eng Consolatrix-Statu. Déi barock Immaculata-Statu, déi fréier do stoung, steet elo ganz uewen um Altor. Et handelt sech dobäi ëm eng sougenannt "franziskanesch Moundséchelmadonna".

An der Kierch steet och nach eng Statu vun der helleger Katharina vun Alexandrien déi ëm 1780 vum Ettelbrécker Sculpteur Michel Weiler geschnëtzt gouf. Dës Helleg war fréier d'Patréinesch vun der Kierch.

D'Uergel änneren

D'Uergel ass aus dem Joer 1901 a gouf vun der Uergelmanufaktur Bridder Müller vu Reifferscheid gebaut. Zanter dem 7. Dezember 2001 ass se als Monument national klasséiert.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel Kierch Esch-Sauer.

Paschtéier vun Esch-Sauer änneren

  • 1803 - 1807 Petrus Meyer
  • 1808 - 1812 Michael Klein
  • 1812 - 1814 Henricus Haan
  • 1814 - 1822 Nicolaus Hoffmann
  • 1822 - 1846 Theodor Schloeffer
  • 1846 - 1875 Henricus Hommel (gestuerwen zu Esch-Sauer)
  • 1875 - 1878 Bernard Manderscheid
  • 1878 - 1880 J.P. Meyrer
  • 1880 - 1887 Georgius Anzia
  • 1887 - 1896 Nicolaus Keriger
  • 1896 - 1903 Nicolaus Donven
  • 1903 - 1909 J.P. Huberty
  • 1909 - 1920 Dominicus Trausch
  • 1920 - 1920 Jos Hinderscheid (gestuerwen zu Esch-Sauer)
  • 1920 - 1931 Hubertus Job
  • 1931 - 1939 Mathias Colling
  • 1939 - 1950 Robertus Claude
  • 1950 - 1960 Josephus Schmit
  • 1960 - 1986 Paulus M. Meier
  • 1986 - 1989 Marcellus Pundel adm.
  • 1989 - 1991 Felix Steichen adm.
  • 1991 - 1993 Marcellus Pundel adm.
  • 1993 - 1999 Petrus Faber adm.
  • 1999 - Marcus Wehles

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Esch-Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).