Uergel Kierch Esch-Sauer

D'Uergel an der Kierch Esch-Sauer ass eng Uergel aus dem Joer 1901, déi vun der Uergelmanufaktur Bridder Müller vu Reifferscheid gebaut gouf.

D'Uergel vum Chouer aus

Si ass eng vun de 4 erhalenen Uergelen aus där Manufaktur zu Lëtzebuerg. Zanter dem 7. Dezember 2001 ass d'Uergel als Monument national klasséiert.[1]

Si huet ee Manual an eng Pedall déi am Ganzen aacht Regëstere bedéngen.

Well se an engem schlechten Zoustand war, gouf se vun 2003 bis 2004 an der Uergelmanufaktur Hugo Mayer restauréiert. Se funktionéiert mat enger pneumatescher Traktur an d'Gehais ass aus Eechenholz.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).