Muttergottesstatu vun Esch-Sauer

D'Muttergottesstatu vun Esch-Sauer steet zu Esch-Sauer um Schlassbierg, ca. 35 m vum ronnen Tuerm vun der Buerg. Se gouf den 12. September 1910 mat engem grousse Fest ageweit.[1] Déi 3,10 m héich Statu ass eng Kopie vun der „Vierge Couronnée“ vu Lourdes, déi op der Esplanade vis-à-vis vun der Basilika steet.

Muttergottesstatu zu Esch-Sauer

Geschicht änneren

Nodeems eng kriibskrank Fra vun Esch-Sauer no enger Pilgerrees op Lourdes vun hirer Krankheet geheelt gouf, wollt se der Muttergottes Merci soen an huet dofir den deemolege Paschtouer Dominik Trausch kontaktéiert, deen hir geroden huet, eng Muttergottesstatu opriichten ze loossen.

Dee jonke Paschtouer huet et fäerdeg bruecht, d'ganz Uertschaft vu senger Iddi z'iwwerzeegen. D'Gemeng huet d'Plaz uewen um Schlassbierg zur Verfügung gestallt an duerch d'Spende vun där geheelter Fra an den Awunner vun Esch-Sauer koumen déi finanziell Mëttel zesummen.

D'Statu gouf no enger Foto vum Original vu Lourdes vum Albert Lützeler vun der Firma Peltzer vu Stolberg (bei Oochen) als Gipsform réaliséiert. Vun der Gipsform gouf en Ofdrock am Zénk gegoss, an unhand dovu goufe vum Sculpteur Wilhelm Peters déi verschidden Eenzeldeeler am Koffer modeléiert an zesummegeschweesst.

D'Statu stoung ursprénglech op engem 5 Meter héije Sockel aus 12 Sailen, geliwwert vun der Firma Griesbach & Großmann vun Diddenuewen, mat follgenden Opschrëften op de véier Säiten:

 
  • Consolatrix afflictorum, ora pro nobis
  • Regina sacratissimi Rosarii, ora pro nobis
  • Regina, sine labe originali concepta, ora pro nobis
  • Chronogramm (weider ënnen erkläert)

D'Bauleedung vum Sockel war vum Architekt Josef Winkel vun Déifferdeng, deen och Pläng gemaach hat, iwwerholl ginn. D'Statu gouf vum Deche Weinacht vu Wolz ageweit.

An den 1920eger Jore gouf dann nach eng Kroun opgesat, déi awer kuerz duerno mat enger beliichter Kroun ersat gouf.

Den Originalsockel gouf 1933 mat engem Steesockel ersat deen och haut nach existéiert. Vun den Opschrëfte vum ale Sockel ass nëmmen de Chronogramm erhale bliwwen.

Den 2. November 1939 gouf eng Allee mat Käschtebeem op de 60 m vum CR316 bis bei d'Statu ugeplanzt.

Wärend dem Zweete Weltkrich sinn d'Mamme vun den Escher Jongen, déi an d'Arméi agezu goufen, all Dag bei all Wieder erop bei d'Statu gepilgert an hunn do de Rousekranz fir se gebiet. Wärend der Ardennenoffensiv gouf d'Statu beschiedegt, nom Krich awer nees restauréiert. Déi beliicht Kroun war awer wärend dem Krich verluer gaangen.

De Sockel gouf 2009 renovéiert an de 15. August 2010 war d'100-Joer-Feier vun der Muttergottesstatu zu Esch-Sauer.[2]

Chronogramm um Sockel änneren

Um Sockel vun der Statu steet follgende Chronogramm ze liesen, deen d'Joreszuel 1910 ergëtt:

EXTRVXERE
AVXILIATRICI
SVAE CIVES
ESCHAD SVRAM

= D'Bierger vun Esch-Sauer hunn et hirer Beschützerin opgeriicht

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Festfeier in Esch a. d. Sauer am Luxemburger Wort vum 14. September 1910
  2. La statue de Marie 100 ans Archivéiert op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2016-02-13.