Kräizkapell Esch-Sauer

kathoulesch Kapell

D'Kräizkapell vun Esch-Sauer, och Lochkapell genannt, ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Esch-Sauer gehéiert.

Kapell vun Esch-Sauer
D'Kapell vun Esch-Sauer (2012)

D'Kapell vun Esch-Sauer (2012)
D'Kapell vun Esch-Sauer (2012)
Uertschaft / Plaz Esch-Sauer
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Helleg Kräiz
Baujoer 1767
Koordinaten 49° 54’ 24.9’’ N
      5° 56’ 7.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell ass dem hellege Kräiz geweit. Se steet baussent der Uertschaft a südlecher Richtung an der Eschduerferstrooss op enger Héicht vun 330 m (NG-L). Ronderëm d'Kapell ass zanter 1803 de Kierfecht ugeluecht. E Kräizwee aus dem 18. Joerhonnert verbënnt d'Duerf mat der Kapell. E fänkt u bei där Plaz wou déi barock Statu vum Jean-Georges Scholtus steet, déi de Johannes Nepomuk duerstellt.

Zanter dem 8. August 1955 steet d'Kapell zesumme mam Kierfecht an der Lannenallee, déi bei den Agank vum Kierfecht féiert, op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter[1].

Geschicht änneren

Bis de 7. Mee 2017 war et eng Kapell vun der Par Esch-Sauer, déi zum Parverband Öwersauer, Sankt Pirmin, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Esch-Sauer huet ausser der Kräizkapell och nach d'Parkierch vun Esch-Sauer an d'Schlasskapell vun der Buerg Esch-Sauer gehéiert.

Gebai änneren

D'Kapell ass zanter 1628 schrëftlech bekannt. Si ass déi chrëschtlech Nofollgerin vun enger uraler keltescher Plaz, op där Druide reliéis Zeremonien ofgehalen hunn. 1767 gouf déi fréier Kapell duerch dat aktuellt Gebai ersat. 1772 huet se eng wichteg Reliquie vum wierkleche Christuskräiz kritt. Iwwer dem Agank ass e Relief deen d'helleg Anna an d'Maria duerstellt. 1966 goufe bei der Renovéierung vun der Kapell ënner dem Altor nach Deeler vum Altor vun der éischter Kapell fonnt. No der Renovéierung gouf den Altor vun der Kapell nei konsekréiert[2].

D'Miwwel bestinn haut aus engem Christus um Kräiz, ëmgi vun den zwéin Déif am spéitgotesche Stil an e puer Statue vum Sculpteur Michel Weiler.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kräizkapell Esch-Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Altar-Neukonsekration der Loch-Kapelle bei Esch-Sauer In: Luxemburger Wort, 119. Jg., n° 126 (06.05.1966), S. 8.