Gare Mamer-Lycée
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
Streck | 5 | ||||
PK | 8,680 | ||||
Quaien | 2 | ||||
Gleiser | 2 | ||||
Uertschaft | Mamer | ||||
Gemeng | Mamer | ||||
Kanton | Capellen | ||||
Koordinaten | 49° 37’ 06’’ N 6° 01’ 47’’ O | ||||
Websäit | CFL.lu |
D'Gare Mamer-Lycée ass eng Gare op der CFL-Linn 5 tëscht de Gare Bartreng Stroossen a Mamer vun der Lëtzebuerger Eisebunn.
D'Linn 5 féiert vu Lëtzebuerg bis op Klengbetten a weider op d'belsch Grenz, wou se iwwer d'Infrabel-Linn 162 Uschloss un dat belscht Netz a Richtung Arel huet.
D'Gare Mamer-Lycée ass haaptsächlech geduecht fir d'Schüler vum Campus Tossebierg, d. h. vum Lycée Josy-Barthel a vun der Europaschoul II.
Se huet en ënnerierdesche Passage fir op de Quai vis-à-vis ze kommen an op all Säit e Lift fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Op all Quai si Leetlinnen ugeluecht fir Leit, déi net gutt gesinn.
Och wann d'Streck ënner 3000 Volt elektrifizéiert ass, goufen an der Gare Poteauen opgestallt déi och mat 25.000 Volt kënne funktionéieren.
Well et eng Lycées-Gare ass gëtt se, zanter Dezember 2010, nëmmen ënner der Woch vu 7 Auer Moies bis 5 Auer Mëttes ugefuer.
Zich déi an der Gare halenÄnneren
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg | Bartreng-Stroossen | RB CFL-Linn 50 |
Mamer | Klengbetten oder Arel |
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Gare Mamer-Lycée – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Mamer-Lycée op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Mamer Lycée op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Mamer Lycée op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
| |||
Lëtzebuerg - Bartreng-Stroossen - Mamer-Lycée - Mamer - Capellen - Klengbetten
|