Edward L. G. Bowell
amerikaneschen Astronom
(Virugeleet vu(n) Edward Bowell)
Den Edward L. G. Bowell (oder Ted Bowell), gebuer am Joer 1943 zu London, ass en US-amerikaneschen Astronom.
Edward L. G. Bowell | |
---|---|
Gebuer |
26. November 1943 London |
Gestuerwen | 21. August 2023 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Universitéit vu Paräis, University College London |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | International Astronomesch Unioun |
De Bowell war staark un der Ariichtung vum Programm Lowell Observatoire Near-Earth-Object Search bedeelegt, eng Sich no Äerdnoen Objeten.
Seng eegen Erkenntnesser waren den Ausléiser fir dës wëssenschaftlech Aarbecht, déi hien iwwer äerdno Asteroide gesammelt huet. Hie konnt eng grouss Zuel vun Asteroiden entdecken, dorënner och déi sougenannt trojanesch Asteroiden (2357) Phereclos, (2759) Idomeneus, (2797) Teucer, (2920) Automedon, (3564) Talthybius, (4057) Demophon an den (4489) 1988 AK.
Zousätzlech huet hien de periodesche Koméit 140P/Bowell-Skiff souwéi den netperiodesche Koméit C/1980 E1 (Bowell) entdeckt.