Luxemburger Gesellschaft für Deutsche Literatur und Kunst

Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Luxemburger Gesellschaft für Deutsche Literatur und Kunst, kuerz GEDELIT, war en ufanks pangermanistesche Veräin zu Lëtzebuerg, dee séier e Sproochrouer vun der däitscher nationalsozialistescher Ideologie gouf a sech dofir staark gemaach huet, datt Lëtzebuerg "Heim ins Reich" soll kommen, d.h. en Deel vum Däitsche Räich sollt ginn.

Zu de Memberen hunn ë. a. Politiker wéi de Pierre Prüm (Staatsminister 1924-25) an de Florentin Antony, Schrëftsteller wéi den Nikolaus Hein an de Marcel Simon, oder Moler wéi den Aloyse ("Alo") Bové gehéiert. Den Däitsch- a Griicheschsproff Damian Kratzenberg war zanter 1935 President vun der GEDELIT. 1938 huet d'GEDELIT ugefaangen, Propaganda an de Lëtzebuerger Lycéeën ze maachen. D'Sturmtrupp Lützelburg, eng Grupp vun nazifrëndleche Schüler, huet hir Versammlungen am Lokal vun der GEDELIT ofgehalen. Am Mee 1938 koum et zu engem Prozess géint ee vum Kratzenberg senge Schüler, deen um Nationalfeierdag an der Kathedral e "Knuppert" explodéiere gedoen hat. Am Prozess koum dunn eraus, datt de Kratzenberg seng Schüler all Samschdeg ëm sech hat fir se z'endoktrinéieren.

De 6. Juli 1940, kuerz nom Iwwerfall vun der Wehrmacht an der Besetzung vu Lëtzebuerg, gouf d'GEDELIT a Volksdeutsche Bewegung (VdB), déi ewell komplett "gläichgeschalt" war, ëmgedeeft.

Literatur

änneren
  • Emil Haag: Die Luxemburger Gesellschaft für deutsche Literatur und Kunst (Gedelit). In: Hémecht, Jg. 28(1976), H. 1, p. 5-26; H. 2, S. 101-128; H. 3, S. 285-320; Jg. 29(1977), H. 2, S. 133-171.