Albert Kratzenberg
Den Albert Kratzenberg, gebuer den 8. Abrëll 1890 zu Klierf, a gestuerwen och do den 23. Mee 1966[1], war e lëtzebuergesche Sculpteur a Graphiker.
Albert Kratzenberg | |
---|---|
Gebuer |
8. Abrëll 1890 Klierf |
Gestuerwen |
23. Mee 1966 Klierf |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
Famill | |
Geschwëster | Damien Kratzenberg |
![]() |
Figur vun der Monumental-Skulptur L'allégorie de l'artisanat, am Park vun der Galerie Nei Liicht zu Diddeleng
Liewen
ännerenNo der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg huet den Albert Kratzenberg zu Karlsruhe an op der Konschtakademie zu Berlin studéiert. Duerno huet hien e puer Joer an Däitschland, am Bezierk Stettin an zu Hildesheim geschafft[1],[2].
1919 koum hien op Lëtzebuerg zeréck,[3] wou hie Coursen am Zeechnen an an der Skulptur zu Esch-Uelzecht ginn huet[1]. Am Joer 1930 ass hie “Professer” an der Escher Beruffsschoul ginn[4].
Fir d'Weltausstellung 1937 zu Paräis huet hien, zesumme mat de Sculpteuren Aloyse Deitz, Ernest Grosber a Léon Nosbusch, d'Skulpturaarbechte vum Relief Vue panoramique de la Ville de Luxembourg no enger Zeechnung vum Pierre Blanc un der Haaptfassad vum Lëtzebuerger Pavillon ausgefouert[5],[6].
Op der Weltausstellung 1939/1940 zu New York gouf seng monumental Skulptur L'allégorie de l'artisanat ausgestallt[7].
1928 an 1932 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.
Hien huet an den 20er Jore vum 20. Joerhonnert, wéi d'Haaptportal vun der Kathedral restauréiert gouf, d'Statu vum hellegen Niklos geschaaft.
Wéinst senger Haltung wärend der Nazi-Occupatioun am Zweete Weltkrich ass den Albert Kratzenberg am Januar 1947 zu Lëtzebuerg zu sechs Joer Prisong an zum Verloscht vun der lëtzebuergescher Nationalitéit condamnéiert ginn.[8] Hie war de Brudder vum Damien Kratzenberg[9].
Wierker
änneren- 1932, Skulptur a véier bronze Placken um Monument Émile Mayrisch am Park Émile Mayrisch zu Diddeleng.
- 1936, Goethe-Gedenkplack um Bock.
- Reliefaarbechten um Escher Stadhaus[10].
- Bas-relief um Editpress-Gebai an der Kanalstrooss zu Esch-Uelzecht.
- Erënnerungsplack um Haus vum Caspar Mathias Spoo[11] zu Esch-Uelzecht[12].
- Buste vum Caspar Mathias Spoo.
- 1939, Haut-relief L'allégorie de l'artisanat, eng Monumental-Skulptur fir d'Weltausstellung zu New-York. Eng Figur dovun, e Stolaarbechter mat Hummer, gouf Ufank den 1980er Joren an der Entrée vum renovéierte Quartier Brill zu Diddeleng opgestallt. 2008 gouf se du restauréiert a steet elo am Park vun der Galerie Nei Liicht.
- Jeune femme, 1953, Skulptur am Kalleksteen am Park vum Schlass Kolpech zu Nidderkolpech.
- Helleg Famill am Héichaltor an der Kierch zu Mäerkels.
- "Notre Dame de Trintange" um Héichaltor an der Kierch zu Trënteng (1954).
- Hellege Stephanus an der Kapell um Stiefesbierg zu Trënteng.
Literatur
änneren- Herr, Lambert, 1992. Kratzenberg Albert. In: Anthologie des arts au Luxembourg. Éditions Émile Borschette. Imprimerie Linden, Lëtzebuerg, 464 S. (Cf. S. 207). ISBN 2-87982-034-0
- M.W., 1935. Atelierbesuch bei Albert Kratzenberg in Esch an der Alzette. A-Z: Luxemburger illustrierte Wochenschrift 1935, Nr. 49 (8. Dezember), S. 4-6. (Link)
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Albert Kratzenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 1992, Anthologie des arts au Luxembourg
- ↑ M.W. 1935.
- ↑ M.W. 1935, S. 6.
- ↑ Escher Tageblatt 1930, Nr. 91 (25. März): 4 (Esch-Alz., 25. März. Ernennung. Herr Albert Kratzenberg, bisher Kursusleiter, wurde zum technischen Lehrer der gewerblichen Fortbildungsschule ernannt.) [1]
- ↑ Die Eröffnung des Luxemburger Pavillons auf der Pariser Ausstellung. Luxemburger Wort Nr 165 vum 14. Juni 1937 (Link)
- ↑ Mousset, Jean-Luc … [et al.]: Petit parmi les grands: Le Luxembourg aux Expositions universelles de Londres à Shanghai (1851-2010). Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2010 (Publications du Musée national d'histoire et d'art Luxembourg 11), Ss. 208, 216.
- ↑ Mousset, Jean-Luc … [et al.]: Petit parmi les grands: Le Luxembourg aux Expositions universelles de Londres à Shanghai (1851-2010). Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2010 (Publications du Musée national d'histoire et d'art Luxembourg 11), Ss. 233, 244, 245
- ↑ Escher Tageblatt 1947, Nr. 23 (29. Januar): 6 (Politische Prozesse: Urteile des Spezialgerichtes in Luxemburg). [2] Luxemburger Wort 1947, Nr. 30 (30. Januar): 4 (Vor dem Spezialgericht). [3] Cf. Massard, J.A. & R. Thill, 2011. Gustav Kolbach, Arzt und Botaniker. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 112 (2011), S. 9-24. [4]
- ↑ deltgen.com
- ↑ "Besuch bei den Bildhauern am Giebelfeld des neuen Escher Stadthauses". A-Z Luxemburger illustrierte Wochenschrift 1936, Nr. 25 (2. Juni), S. 20.
- ↑ Spoofeier in Esch-Alzette. Luxemburger Wort Nr 207 vum 26. Juli 1937 (Link)
- ↑ Cf. Massard, J.A. & R. Thill, 2011. Gustav Kolbach, Arzt und Botaniker. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 112 (2011), S. 18. [5]