Casino Royale (Film 1967)
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Bond-Parodie vun 1967. Fir de Film vum Martin Campell mam selwechten Numm, kuckt wgl. Casino Royale (Film 2006). |
Casino Royale ass eng US-amerikanesch-brittesch James Bond-Parodie vun de Regisseure Ken Hughes, John Huston, Joseph McGrath a Robert Parrish aus dem Joer 1967 fräi nom Roman Casino Royale vum Ian Fleming.
Ëm wat geet et am Film? änneren
De Film ass eng Parodie op d'James Bond Filmer. D'Geschicht ass komplizéiert an déngt just fir déi vill bekannt Acteuren ervirzehiewen. An Erënnerung bleift besonnesch déi komplett geckeg Kläpperei am Casino zum Schluss vum Film.