Burt Bacharach

US-amerikanesche Museker a Komponist

De Burt Bacharach [bɝt-ˈbæ.kə.ˌɹæk], gebuer den 12. Mee 1928 z Kansas City, am Missouri, a gestuerwen den 8. Februar 2023 zu Los Angeles[1] war en US-amerikanesche Pianist a Komponist.

Burt Bacharach
Gebuertsnumm Burt Freeman Bacharach
Gebuer 12. Mee 1928
Kansas City
Gestuerwen 8. Februar 2023
Los Angeles
Nationalitéit USA
Educatioun McGill University
Aktivitéit Pianist, Komponist, Lidderschreiwer, Filmkomponist, Museksproduzent, Discographesche Kënschtler, Museker, Arrangeur, Dirigent, Sänger, Liddertexter
Famill
Bestuet mat Angie Dickinson

Hie war, besonnesch an den 1960er an 1970er Joren, mat ee vun den erfollegräichste Komponisten an Amerika, ronn 130 vu senge Lidder hunn et an d'Single-Charts gepackt.[2] Bei de meeschte vu senge Lidder huet den Hal David den Text geschriwwen. Besonnesch d'Dionne Warwick gouf mat Bacherach-David-Kompositioune bekannt, ma hie huet och fir vill aner Sänger Lidder geschriwwen. Zu senge bekanntsten Titelen zielen Raindrops keep fallin on my Head, Walk on by, Arthur’s Theme (Best That You Can Do), That's What Friends Are For oder On My Own . Ënner de Filmmuseken, déi e komponéiert huet, si Casino Royale a What's new Pussycat?.

Um Spaweck änneren

Commons: Burt Bacharach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Burt Bacharach, legendary composer of pop songs, dies at 94. cbsnews.com, 2023-02-09
  2. Burt Bacharach -Top Songs as Writer - Music VF, US & UK hits charts, 2023-02-09.