Musée international d'effets de gendarmerie et police

De Musée international d'effets de gendarmerie et police gouf den 21. Juni 2007 zu Capellen ageweit.

Am Policemusée
Uniform vun der "Fligent" vun 1975
left

Zanter enger Dose Jore waren e puer Sammler am Gaang Policesaachen zesummenzedroen, an nodeem den 1. Januar 2000 déi lëtzebuergesch Gendarmerie grand-ducale mat der Police fusionéiert hat, gouf sech Gedanke gemaach, fir d'Material vun den zwéi Corpsen ze versuergen.

2005 gouf dunn d'A.s.b.l. Musée international d'effets de gendarmerie et police - M.I.G.P. gegrënnt a mat der Hëllef vun der Gemeng Mamer konnt e Lokal fir e Musée am Centre culturel zu Capellen fonnt ginn. Op enger 180 Quadratmeter sinn ze gesinn:

  • 430 Policekapen, Hitt an Helmer aus der ganzer Welt
  • Honnerte vu Fotoen a Badgen
  • 60 Mannequinen
  • Dosende vun Uniformen
  • Miniature vu Police-Autoen aus der Privatcollectioun vum Eric di Millo

2009 gouf en drëtte Sall vu 40 Quadratmeter mat bäigeholl, an deem haaptsächlech technesch Ekipementer ausgestallt sinn.

Dëse Musée ass deen eenzegen am Land iwwer dat Theema, et gëtt awer och nach e Musée fir d'Gefierer vun der Gendarmerie a Police um Verluerekascht an der Stad (Visite nëmmen op rendez-vous).

Literatur änneren

  • Fräntz Schintgen, 2008. Wie aus einer Privatsammlung eine Ausstellung von öffentlichem Interesse entstand. Familieneinsatz in Capellen. Gendarmerie- und Polizeimuseum besteht seit über einem halben Jahr. Luxemburger Wort vum 6. Februar 2008, S. 29.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Musée international d'effets de gendarmerie et police – Biller, Videoen oder Audiodateien