Call Her Madam ass een Documentaire iwwer déi amerikanesch Diplomatin Perle Mesta, déi éischt héich US-Diplomatin mat Sëtz zu Lëtzebuerg (1949-1953).

Call Her Madam
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 1997[1]
Première 29. Abrëll 1997
Dauer 52 min
Originalsprooch Englesch
Franséisch
a Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Paul Lesch
Fotografie Virginie Saint Martin
Jean-Louis Sonzogni
Carlo Thiel
Produzent Claude Waringo
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film?

änneren

D'Perle Mesta war war Ministre plénipotentiaire zu Lëtzebuerg vun 1949 bis 1953 a gouf vum Harry Truman nominéiert.

An den USA war si an éischter Linn bekannt als Hostess with the mostes, dat heescht als Organisatrice vu Partien a Receptiounen. Déi déck Déiere vun der demokratescher Partei ware reegelméisseg Gäscht bei hir. Hir finanziell Ënnerstëtzung fir den Harry Truman bei de Wale vun 1948 huet dozou gefouert, datt deen hir als Merci d'Plaz zu Lëtzebuerg offréiert huet. Den amerikanesche Komponist Irving Berlin huet 1950 d'Musek fir ee Musical iwwer d'Perle Mesta zu Lëtzebuerg geschriwwen: Call Me Madam. Aus dem 'Grand Duchy of Luxembourg' gouf awer de 'Grand Duchy of Lichtenbourg', fir all diplomateschen Incident z'evitéieren. 1953 ass de Broadway-Musical vun Hollywood verfilmt ginn, mat an den Haaptrollen d'Ethel Merman, den Donald O'Connor an den George Sanders. De Realisateur war de Walter Lang.

Den Documentaire beschreift der Perle Mesta hire Passage zu Lëtzebuerg, wou si duerch hiren e bëssche speziellen diplomatesche Stil (ë. a. Organisatioun vun de Buergermeeschter-Partien) vill vu sech schwätze gedoen huet. Benotzt goufe Newsreels vu fréier, al Fotoen an Interviewe mat Lëtzebuerger (ë. a. dem Pierre Werner) an amerikaneschen Zäitzeien (ë. a. den John E. Dolibois an d'Anna Crouse).

Filmproduktioun

änneren

Samsa Film krut 1994 fir d'Entwécklung vum Documentaire e Subside vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun enger Millioun Lëtzebuerger Frang.[2] 1996 ass dunn nach eng weider finanziell Ënnerstëtzung fir d'Produktioun vun enger Millioun Frang dobäikomm.[3]

Call Her Madam gouf ënner anerem op der Woch vum Lëtzebuerger Dokumentarfilm gewisen, déi 1998 vu Samsa Film an dem CNA organiséiert gouf.[4]

Wat sot d'Press?

änneren

Rosch Krieps am Forum:

Wie Waringos Steichen-Film ist auch Paul Leschs Mesta-Filmbiographie ein sowohl künstlerisch wie geschichtlich und in seiner rein menschlichen Darstellung glücklich gelungenes Meisterwerk.

Literatur a Press

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. „Call Her Madam!“, Rosch Krieps in Forum, Abrëll 1997, Nr. 176, Säit 62-63
  2. Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1994, Säit 90
  3. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1996, Mäerz 1997, Säit 115
  4. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 193