Jean-Louis Sonzogni

franséische Kameramann

De Jean-Louis Sonzogni, gebuer 1963 zu Mont-Saint-Martin, ass e franséische Cinematograph. Hien huet d'Kameraaarbecht bei enger Rei lëtzebuergesche Filmer an Documentaire gemaach.[1]

Jean-Louis Sonzogni
Gebuer 1963
Mäertesbierg
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Kameramann, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Filmediteur

Seng Karriär huet mat den Dréiaarbechte vum Andy Bausch sengem Film Gwyncilla, Legend of Dark Ages (1986) ugefaangen. Och bei engem anere wichtege lëtzebuergesche Film aus där Zäit, Schacko Klak (1990), huet hie matgewierkt. Dofir krut hien 1991 um Kannerfilmfestival vun Alençon de Präis fir déi bescht Kameraaarbecht.[2][3]

Nieft senger Aarbecht zu Lëtzebuerg dréint de Jean-Louis Sonzogni och vill a Frankräich, besonnesch Fernseefilmer a Fernseeserien, dorënner vill Episode vun de Serien Avocats & associés a Joséphine, ange gardien.

Lëtzebuerger Filmer a Serien änneren

Referenzen änneren

  1. Informatiounen op crew-united.com
  2. Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1991, Mäerz 1992, Säit 81
  3. De Film Schacko Klak op samsa.lu