Irma la Douce
Irma la Douce ass en US-amerikanesche Film vum Billy Wilder aus dem Joer 1963 mam Jack Lemmon an der Shirley MacLaine an den Haaptrollen.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Vereenegt Staate vun Amerika |
Première | 5. Juni 1963 |
Dauer | 135 min |
Faarf | Faarweg |
Technicolor | |
Format |
2,35:1 Panavision |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Billy Wilder |
Dréibuch |
Billy Wilder I. A. L. Diamond |
Fotografie | Joseph LaShelle |
Musek | André Previn |
Schnëtt | Daniel Mandell |
Produzent | Billy Wilder |
Produktiouns- gesellschaft |
The Mirisch Corporation Phalanx Productions |
Schauspiller | |
Jack Lemmon als Nestor Patou Shirley MacLaine als Irma la Douce Lou Jacobi als Moustache Bruce Yarnell als Hippolyte Herschel Bernardi als Lefevre Hope Holiday als Lolita Joan Shawlee als Amazon Annie Grace Lee Whitney als Kiki Paul Dubov als André Howard McNear als Portier Cliff Osmond als Polizist James Brown Bill Bixby James Caan Louis Jourdan als Erzieler | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDen Nestor Patou, e jonke Polizist, fänkt um Policebureau an der Rue Casanova am Paräisser Quartier vun den Halen un. Ambitiéis, wéi en ass, léisst e gläich emol sämtlech Prostituéiert vun do samt hire Cliente festhuelen. Leider ass dodrënner och säi Chef, an de Patou gëtt suspendéiert. Hie mécht Bekanntschaft mat der Irma la Douce, a gëtt Zeien, wéi där hiren Zouhälter se schlecht behandelt. Hie spréngt hir zur Hëllef, a gewënnt - éischter zoufälleg - eng Kläpperei mam Zouhälter, sou dass déi Roll op hien iwwergeet. Well en net verdréit, datt d'Irma sech mat anere Männer ofgëtt, verkleet hie sech als e räiche, mysteriéise Lord X, a bezillt dem Irma all Kéiers en décke Batz Geld, just fir Kaart mat him ze spillen, fir datt et net méi op aner Clienten ugewisen ass. Fir selwer un déi Suen ze kommen, muss de Patou nuets als Fort an den Hale wudderen, sou dass en ëmmer méi däitsch gëtt. Dem Irma kënnt dat louche vir...