Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Flavio Becca, gebuer den 18. Juni 1962, ass e lëtzebuergeschen Entrepreneur, deen zu Lëtzebuerg an am Ausland haaptsächlech an de Beräicher Immobilien a Sport aktiv ass[1].

Flavio Becca
Gebuer 18. Juni 1962
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geschäftspersoun

An de Medie gëtt hie reegelméisseg als ee vun de räichste Lëtzebuerger beschriwwen[2],[3],[4].

Jugend änneren

Hien ass als Jong vun italieeneschen Elteren zu Lëtzebuerg opgewuess an huet eng Formatioun als Steemetzer[5].

Immobilien änneren

De Flavio Becca gëllt als eng dreiwend Kraaft hannert dem Projet vum Ban de Gasperich[6].

2012 war hien ee vun den Haaptprotagonisten an der Affär ëm en Akafszentrum zu Wickreng, deen net gebaut gouf.[7]

Sport änneren

An den 1990er Jore bis 2020 war de Flavio Becca een Haaptinvestisseur vum Foussballclub F91 Diddeleng[8],[9]. Well den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana net direkt wollt en neie Stadion bauen huet de Flavio Becca sech dunn zeréckgezunn an investéiert zënterhier an den FC Swift Hesper[10],[11]. Hien ass och den Haaptinvestisseur vum belsche Foussballclub Royal Excelsior Virton an investéiert zënter 2019 an den däitschen 1. FC Kaiserslautern[12].

2011 huet hien d'Vëlossportekipp Leopard Trek matgegrënnt, eng Kollaboratioun tëscht senger Leopard S.A. an dem US-amerikanesche Vëlosfabrikant Trek[13].

Juristesch Affairen änneren

Am Juli 2022 gouf de Flavio Becca an zweeter Instanz wéinst Geldwäsch a Verontreiung vu Firmegelder zu 12 Méint Prisong op Sursis verurteelt. Zousätzlech krut hien eng Geldstrof vun 250.000 Euro a krut 850 Luxusaueren konfiszéiert[14],[15].

Referenzen änneren

  1. Steckbréif op paperjam.lu
  2. lesoir.be: De mendiant à millionnaire, l’incroyable destin de l’Excel Virton vum Alexandre Delmer (26. September 2018)
  3. reporter.lu: Le groupe Becca rattrapé par le fisc vum Véronique Poujol (10. Februar 2020)
  4. tagesspiegel.de: Luxemburger Team: Das Real Madrid des Radsports vum tomas Mustroph (1. Dezember 2020)
  5. lesoir.be: Flavio Becca, un Marc Coucke à la sauce luxo (18. September 2018)
  6. paperjam.lu: Becca: empire économique et cour multiforme vum Alain Ducat (23. September 2011, geänndert den 8. Dezember 2016)
  7. lessentiel.lu: Becca-Privatjet: Juncker nimmt Krecké in Schutz vum (21. September 2012)
  8. lequotidien.lu: Flavio Becca quittera le F91 d’ici deux ans vum Julien Mollereaua Fabrice Baur(26. November 2018)
  9. mental.lu: Comment le F91 s’est réinventé ? vum Julien Sins (24. Abrëll 2022)
  10. rtl.lu: Le sponsor quitte le F91 pour Hesperange (2. Abrëll 2019)
  11. paperjam.lu: Flavio Becca veut racheter l’Excelsior Virton vum Nicolas Léonard (2. Juni 2020)
  12. deutschlandfunk.de: Flavio Becca investiert in 1. FC Kaiserslautern - Der, den die Teufel riefen vum Sina Weber (19. Mee 2019)
  13. „Des bases saines et solides“ Interview avec Flavio Becca, fondateur de Leopard SA, Forum 309, Säit 42
  14. wort.lu: Flavio Becca zu zwölf Monaten Haft auf Bewährung verurteilt vum Florian Javel (13. Juli 2022)
  15. tageblatt.lu: Berufungsprozess / Flavio Becca wird in Luxemburg zu zwölf Monaten Haft auf Bewährung und Geldstrafe verurteilt vum Marco Goetz (14. Juli 2022)