Autobunnsraschtplaz
Eng Autobunnsraschtplaz (dacks gekierzt: Raschtplaz) ass eng Serie vun Infrastrukturen déi laanscht den Autobunne sinn, fir datt Chaufferen do raschte kënnen. Se si mat Parkplazen ekipéiert, an hu jee nodeem och Picknicksdëscher, Poubellen, Toiletten, eng Spillplaz fir Kanner, Restauranten, eng Bensinnsstatioun, eng Luetstatioun fir elektresch Gefierer, an een oder méi Butteker.
Situatioun zu Lëtzebuerg
ännerenDe Lëtzebuerger Code de la route definéiert eng Raschtplaz ((fr) Aire de service) als eng Plaz déi um Bord vun enger Autobunn oder enger Strooss fir motoriséiert Gefierer amenagéiert ass, déi fir de Public zougänglech ass a wou ee raschten an / oder tanke kann.
Originaltext aus dem Code de la route
ännerenArtikel 2 – 1.15[1]« Aire de service: aire de repos et/ou de ravitaillement ouverte à la circulation publique et aménagée en bordure d’une autoroute ou d’une route pour véhicules automoteurs. »
Autobunnsraschtplazen zu Lëtzebuerg
ännerenAutobunn | Richtung | Raschtplaz | KP | Koordinaten | Gemeng | Ekipement | Pëtrolsfirma | Cafeteria /
Restaurant |
Aner Servicer |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
A1 | Däitsch Grenz | Aire de Wasserbillig | 35,50 | 49° 43’ 37.5’’ N 06° 29’ 30.8’’ O |
Mäertert | |
TotalEnergies[2] | Burger King | |
Lëtzebuerg | 35,50 | 49° 43’ 42.0’’ N 06° 29’ 26.9’’ O |
|
TotalEnergies[3] | Café Bonjour | ||||
A3 | Franséisch Grenz | Aire de Berchem | 5,25 | 49° 32’ 33.5’’ N 06° 07’ 03.0’’ O |
Réiser | |
Aral[4] | Philéas | |
Lëtzebuerg | 5,25 | 49° 32’ 29.8’’ N 06° 07’ 07.8’’ O |
|
Shell[5] | Starbucks | ||||
A4 | Esch-Uelzecht | Aire de Pontpierre | 8,20 | 49° 32’ 55.5’’ N 06° 02’ 41.6’’ O |
Monnerech | |
TotalEnergies[6] | Bankomat | |
Lëtzebuerg | 8,70 | 49° 32’ 39.5’’ N 06° 02’ 24.5’’ O |
|
Esso[7] | |||||
A6 | Belsch Grenz | Aire de Capellen | 16,00 | 49° 38’ 13.6’’ N 05° 58’ 18.2’’ O |
Mamer | |
Aral[8] | Panos | Bankomat |
Lëtzebuerg | 16,00 | 49° 38’ 06.2’’ N 05° 58’ 10.5’’ O |
|
BP[9] | Dunkin' |
Um Spaweck
ännerenCommons: Autobunnraschtplazen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 05.08.2024.
- ↑ (fr)WASSERBILLIG NL004019. store.totalenergies.lu. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
- ↑ (fr)WASSERBILLIG NL000066. store.totalenergies.lu. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
- ↑ (fr)Station-service autoroutière de Berchem. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
- ↑ (en)Geo.me, BERCHEM E25 L07569 - Shell. find.shell.com. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
- ↑ (fr)PONTPIERRE NL004016. store.totalenergies.lu. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
- ↑ (fr)A4 Pontpierre direction Luxembourg. Petro-Center. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
- ↑ (fr)Une nouvelle station dans votre réseau Aral Luxembourg !. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
- ↑ (fr)Geo.me, BP CAPELLEN - PKW MP2 - BP. map.bp.com. Gekuckt de(n) 06.08.2024.