Den Iapetos war ee vun den Titanen, Jong vum Uranos an der Gaia. E war de Mann vun der Themis a spéider vun der Klymene (verschiddene Quellen no och vum Asia), a war de Papp vum Atlas, Epimetheus a Prometheus. Heiansdo ass hien och als Papp vun der Mënschheet ugesi ginn. Der Iwwerliwwerung no huet den Zeus en no sengem Kampf mat den Titanen a Giganten an den Tartaros gehäit an iwwer him ass eng vu Mënsche besidelt Insel entstanen.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.