NGC 1569

(Virugeleet vu(n) Arp 210)

Den NGC 1569 ass eng Zwerggalaxis, déi ronn 11 Millioune Liichtjoer vun der Äerd ewech läit. An hir entstinn ausbrochaarteg Stären, sougenannt Starbursts. Eng Distanzmiessung baséierend op Hubble-Weltraumteleskop-Daten aus dem Joer 2007 hat zu enger Korrektur vun der Distanz ëm ronn 4 Millioune Liichtjoer gefouert an hu gewisen, datt den NGC 1569 Member vun enger Grupp vun zéng Galaxien ëm den IC 342 (Maffei-Grupp) gehéiert. Déi gravitativ Wiesselwierkung mat den anere Membere vun der Grupp gëtt als Ausléiser vum Starbursts ugesinn.

NGC 1569
NGC 1569 Foto vum Hubble-Weltraumteleskop
Stärebild Camelopardalis (Cam)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 04h 30m 49,1s
Deklinatioun + 64° 50' 52,6"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz IBm;Sbrst Sy1
Visuell Magnitude +11,2 mag mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
+11,8 mag mag
Wénkelduerchmiesser 3,6 × 1,8
Flächenhellegkeet mag/arcmin² +13,1
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Maffei-Grupp
Distanz (Lj) (11,0 ± 0,7) Mio
Routverrécklung (-347 ± 13)  10-6
Radialvitess -104 ± 4 km/s
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum 4. November 1788
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
Arp 210
GC 847
H 2.768
IRAS 04260+6444
MCG +11-6-1
NGC 1569
PGC 15345
UGC 3056
ZWG 306.1
2MASX J04304918+6450525

Den NGC 1569 gouf de 4. November 1788 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren