De Parquet oder Ministère public, och alt Staatsanwaltschaft, ass déi Autoritéit déi fir d'Strofverfollgung an d'Exekutioun vun de Strofe verantwortlech ass. Se gëtt deels och als „Magistratur déi steet“ ((fr) magistrature debout) bezeechent, well hir Vertrieder sech am Stoen un d'Riichter adresséieren, déi am Géigesaz zu hinnen do sëtzen („Magistratur déi sëtzt“, (fr) magistrature assise).

Parquet
D'Gebai CR vun der Cité judiciaire an deem ë.a. de Parquet général dran ass
Land Lëtzebuerg
Um Spaweck https://justice.public.lu/fr/organisation-justice/ministere-public.html

Aufgaben a Missiounen[1]

änneren

„De Parquet exercéiert d'ëffentlech Uklo a fuerdert d'Uwendung vum Gesetz. Am Ausübe vun individuelle Recherchen a Poursuitten ass en onofhängeg; der Regierung hiert Recht, strofpolitesch Direktiven ze ginn, bleift dobäi intakt.“[2]

De Parquet vertrëtt a verdeedegt d'Interesse vun der Gesellschaft. Hien ass net net den Affekot vum Staat, mä suergt dofir datt d'Strofrecht ugewant gëtt. Bei Verstéiss géint de Code pénal fuerdert de Parquet eng Verurteelung, déi vum Riichter bewäert a gesprach gëtt.

De Minsitère public analyséiert d'Plainten an d'Denonciatiounen déi agereecht ginn a kuckt vu Fall zu Fall ob hinnen nogaange gëtt oder net. Déi meescht Plainte kritt de Parquet vun der Police, kann s'awer och vun all Autoritéit, Fonctionnaire oder Officier public kréien. E ka sech awer och selwer mat all Strofsaach befaassen, wann en iwwer en anere Wee dovu gewuer gouf. De Parquet mécht alles dat wat néideg ass fir géint Verstéiss géint d'Strofrecht virzegoen.

All Procès-verbal, deen an engem vun den zwee Geriichtsbezierker geschriwwe gëtt, gëtt un dee Parquet geschéckt, deen territorial zoustänneg ass. Do gëtt souverän decidéiert, wéi et mam Dossier virugeet: ob e weider suivéiert oder klasséiert gëtt. Zu deem Zweck leet de Ministère public d'Aktivitéite vun der Police judiciaire ((de) Kriminalpolizei).

Bei méi schlëmmen oder komplexe Fäll, kann de Parquet en Untersuchungsriichter froe fir eng Beweisopnam ((fr) instruction préparatoire oder information judiciaire) ze maachen.

De Parquet huet d'Initiativrecht fir Strofrechtlech Poursuitten a kann e Recours aleeën (Appel maachen). Zousätzlech zu senger strofrechtlecher Kompetenz, ass de Parquet och fir verschidden zivil- an handelsrechtlech Affären zoustänneg.

Representatioun[1]

änneren

Parquet um Bezierksgeriicht

änneren

De Parquet gëtt op all Bezierksgeriicht (Lëtzebuerg an Dikrech) vun engem Procureur a senge Substitute vertrueden. De Stater Parquet ((fr) parquet près le tribunal d'arrondissement de Luxembourg) fungéiert och als Procureur fir d'Friddensgeriichter vu Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht an den Dikrecher Parquet ass och fir d'Friddensgeriicht vun Dikrech kompetent.

De Ministère public gëtt vum Procureur d'État geleet an ass am Allgemengen zoustänneg fir d'Verfollgung vun alle kriminelle Strofdoten, grad wéi fir aner ënnerschiddlech Missiounen, déi vum Gesetz virgesi sinn. A senger alldeeglecher Aarbecht beschäftegt e sech mat enger Abberzuel vun Dossieren, fir déi keng Spezialisatioun néideg ass. Do dernieft sinn d'Magistrate vum Parquet spezialiséiert fir géint verschidden Zorte vu Kriminalitéit virzegoen.

Fir datt de Parquet am Kader vu senge Missiounen intervenéiere kann, huet all Parquet eng Permanence, 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg op 7.

Dem Parquet seng Aktivitéite sinn an dräi Haaptsektiounen opgedeelt:

Section de la protection de la jeunesse et des affaires familiales

änneren

(…)

Section de la criminalité organisée et stupéfiants

änneren

(…)

Section de la criminalité économique et financière
änneren

(…)

Nieft dem Droit commun sinn d'Magistrate vum Parquet och spezialiséiert am Kampf géint aner Zorte vu Kriminalitéit, absënns:

Cyberkriminalitéit

änneren

(…)

Finanzéierung vum Terrorismus

änneren

(…)

Parquet général

änneren

Um Ieweschte Geriichtshaff (Cour d'appel a Cour de cassation) gëtt de Ministère public vum Procureur général d'État vertrueden. Hie gëtt vun zwéin Adjointen an enger Rëtsch Avocats généraux assistéiert. Op den 31. Dezember 2023 waren dat 16 Magistraten.

De Parquet général ass fir de ganzen Territoire vum Groussherzogtum zoustänneg.

Nieft senge Missiounen op der Cour d'appel an der Cour de cassation, ass de Parquet général nach responsabel fir verschidde Servicer, absënns:

  • Service de l'exécution des peines, du recouvrement des amendes et des interdictions de conduire,
  • Service central d'assistance sociale (SCAS),
  • Service du casier judiciaire,
  • Service de documentation (CREDOC),
  • Service d'accueil et d'information juridique,
  • Service d'information juridique « droit de la famille »,
  • Service du répertoire civil,
  • Service des recours en grâce,
  • aner, administrativ Aufgaben.

Zënter dem 1. November 2018 steet d'Cellule de renseignement financier (CRF) ënner der administrativer Opsiicht vum Procureur général, se schafft awer onofhängeg an autonom.

De Procureur général d'État als och déi zentral Autoritéit fir déi géigesäiteg international juristesch Hëllef a strofrechtlechen Affäre grad ewéi fir déi an zivillen a kommerziellen Affäre bannent a baussent der Europäescher Unioun.

Um Spaweck

änneren


Referenzen an Notten

änneren
  1. 1,0 1,1 (fr)La justice en chiffres 2023. justice.public.lu I. A la une: Le ministère public, S. 7-24. Service communication et presse de la justice (SCPJ) (08.08.2024). Gekuckt de(n) 06.12.2024.
  2. (lb)Verfassung vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg Sektioun 2, Art. 104 (01.07.2023). Gekuckt de(n) 05.12.2024.