Radikal Partei

(Virugeleet vu(n) Parti radical)

D'Radikal Partei (Parti radical) war eng liberal Lëtzebuerger politesch Partei, déi tëscht 1928 an 1932 existéiert huet.

Geschicht änneren

1925 ass d'Liberal Liga wéinst ideologesche Streidereien tëscht de klassesche Liberalen an de Progressisten zerbrach. D'Progressisten ëm de Stater Buergermeeschter Gaston Diderich hunn d'Radikal-Sozialistesch Partei gegrënnt, an déi klassesch Liberal ëm de Grënner vun der Liberaler Liga Robert Brasseur hunn sech an der neier Partei mam Numm Liberal Lénk regruppéiert. Dräi Joer drop huet sech d'Radikal-Sozialistesch Partei nach eng Kéier gespléckt, wéi de Marcel Cahen an eng Rei aner Memberen d'Partei verlooss hunn, fir d'Radikal Partei ze grënnen. Si hunn dat aus Protest géint eng Bedeelegung un der Regierung Bech gemaach.

Bei de partielle Chamberwale 1931 huet d'Radikal Partei eng Lëscht an de Bezierker Zentrum an Norden opgestallt. Am Zentrum goufen de Marcel Cahen an den Tony Pemmers gewielt. Am Norde gouf kee radikale Kandidat gewielt.

1932 hu sech béid Parteien nees zesummegeschloss, an aus der Radikal-Sozialistescher Partei an der Radikaler Partei ass d'Radikal-Liberal Partei ginn.