Äispisten op der Kockelscheier

D'Äispisten op der Kockelscheier sinn e Sportskomplex op der Kockelscheier deen der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert, mat dräi Äispisten a 768 Zuschauerplazen. Déi zwou grouss Pisten, vun deenen eng fir jiddwereen op ass an déi aner fir Sportklibb reservéiert ass, hunn eng Gréisst vu 60×30 Meter. Déi kleng mat 40×10 Meter ass eng Curlingpist.[1]

D'Äishal op der Kockelscheier am Mee 2012

D'Gebai ass den 13. November 1974 mat enger Opféierung vun der Operett Die Csárdásfürstin opgaangen. Deemools gouf et nëmmen eng vun den haut zwou groussen Äispisten. 1990 an 2005 ass d'Hal renovéiert ginn. 2003 gouf entscheet, eng zweet grouss Äispist an enger neier Hal nieft der aler ze bauen. Si ass am September 2006 a Betrib geholl ginn.[2]

D'Hal mécht hir Diere fir d'Ëffentlechkeet all Joer tëscht dem 15. September am 15. Abrëll op. A Spëtzenzäiten huet si bis zu 1.500 Visiteure pro Dag.[3]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Presentatioun um Site vun der Gemeng Lëtzebuerg (gekuckt den 9. Januar 2013)
  2. Gustave Eiden: Eissport- und Freizeitzentrum Kockelscheuer in Ons Stad Nr 83 2006, Säit 34-37 (nosichen op onsstad.lu)
  3. luxpost.lu: Kockelscheuer: Eine moderne und performante Eissportanlage in Luxemburg (gekuckt den 11. November 2013)