Emile Lahur (1920)

fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller
(Virugeleet vu(n) Emile Lahure (1920))
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Foussballspiller Emile Lahur (1920). Fir aner Leit mat dem selwechten oder änlechen Numm, kuckt wgl. Emile Lahure.


Den Emile Etienne Lahur[1], gebuer den 19. Abrëll 1920 zu Nidderkuer a gestuerwen den 8. August 1943[2] an der Stad Lëtzebuerg[3] war e lëtzebuergesche Foussballspiller[4]. Hien huet als Goalkeeper fir de Progrès Nidderkuer gespillt.

Emile Lahur
Gebuer 19. Abrëll 1920
Nidderkuer
Gestuerwen 8. August 1943
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Famill
Geschwëster Ferd Lahur

Den 10. Mäerz 1940 huet den Emile Lahur fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt[5].

Hie war de Brudder vum Ferd Lahur.

Referenzen änneren

  1. och an der Schreifweis Lahure ze fannen; um Gebuertsschäin Nr 96 vun 1920 aus der Gemeng Déifferdeng steet jiddefalls Lahur
  2. Lëscht bei de Féderation des Enrolés de Force
  3. Doudesannonce vum Emil Lahure am Luxemburger Wort vum 10. August 1943
  4. Den Emile Lahur op der Websäit weltfussball.de
  5. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Emile Lahur op der Websäit vun European Football