Marianne Brosius-Kolber
lëtzebuergesch CSV-Politikerin
D'Marianne Brosius-Kolber, gebuer den 19. Abrëll 1964, ass eng lëtzebuergesch CSV-Politikerin.
Marianne Brosius-Kolber | |
---|---|
Gebuer | 19. Abrëll 1964 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Infirmier, Politiker |
Partei | CSV |
No hirer Ausbildung als Infirmière an der Clinique Ste Elisabeth huet d'Marianne Brosius-Kolber wärend 25 Joer an deem Beruff geschafft. Duerno gouf si Responsabel vum Accueil gérontologique am CIPA um Houwald.
2004 gouf Marianne Brosius-Kolber an de Gemengerot gewielt, a war vun November 2005 bis November 2017 Buergermeeschtesch vun der Gemeng Fëschbech bei Miersch.
D'Marianne Brosius-Kolber wunnt zu Schous, ass bestuet a Mamm vun 2 Kanner.