Brett James Gladman
De Brett James Gladman, gebuer den 19. Abrëll 1966 zu Wetaskiwin am Alberta, ass Professer fir Physik an Astronomie op der Universitéit vu British Columbia zu Vancouver, Kanada.
Brett James Gladman | |
---|---|
Gebuer |
19. Abrëll 1966 Wetaskiwin |
Nationalitéit | Kanada |
Aktivitéit | Astronom |
(44594) 1999 OX3 | 21. Juli 1999 |
(49673) 1999 RA215 | 13. September 1999 |
(60620) 2000 FD8 | 27. Mäerz 2000 |
(60621) 2000 FE8 | 27. Mäerz 2000 |
(62608) 2000 SD332 | 23. September 2000 |
(82053) 2000 SZ370 | 23. September 2000 |
(118698) 2000 OY51 | 28. Juli 2000 |
(182222) 2000 YU1 | 16. Dezember 2000 |
(182223) 2000 YC2 | 17. Dezember 2000 |
(182926) 2002 FU6 | 20. Mäerz 2002 |
(200198) 1999 RE216 | 2. September 1999 |
(385191) 1997 RT5 | 7. September 1997 |
(385533) 2004 QD29 | 19. August 2004 |
(418993) 2009 MS9 | 25. Juni 2009 |
(422472) 2014 SZ319 | 23. Mäerz 2001 |
(444025) 2004 HJ79 | 26. Abrëll 2004 |
(468422) 2000 FA8 | 27. Mäerz 2000 |
(469610) 2004 HF79 | 24. Abrëll 2004 |
De Gladman huet 18 liichtschwaach Asteroiden an eisem Sonnesystem entdeckt oder matendeckt.
Weider ass hien och Entdecker oder Matentdecker vu ville Mounde vun de Riseplanéite Jupiter, Saturn, Uranus an Neptun:
- beim Jupiter vu 6 ganz klenge Mounden,
- beim Saturn vun enger Dose Mounden a verschiddene Gruppen, déi jee no engem Theema no de kanadeschen Inuit, de franséische Gottheeten an den nordesche Gëtter genannt sinn,
- beim Uranus, d'Mounde Caliban, Sycorax, Prospero, Setenos, Stephano a Ferdinand,
- a beim Neptun, de Mound Neso.
Auszeechnungen
änneren2002 krut de Gladman den Harold-C.-Urey-Präis. Him zu Éiere gouf den Asteroid (7638) Gladman no him genannt.