Opstand am Warschauer Ghetto

Den Opstand am Warschauer Ghetto war eng Revolt vu jiddesche Gefaangenen am Warschauer Ghetto, deen d'nationalsozialistesch Besatzer do ageriicht haten. Si hu sech dergéint gewiert, a Vernichtungslager deportéiert ze ginn. Obwuel déi Opstänneg just zu hirer 750 waren, nëmme wéineg Waffen haten, a ronn 2000 gutt ekipéierten däitschen Zaldoten a Poliziste géintiwwer stoungen, kounnte se deene vum 19. Abrëll 1943 un e puer Woche laang de Bass halen. Déi Däitsch sinn hirer schlussendlech Meeschter ginn, andeems se de Ghetto systematesch Block fir Block néiergebrannt hunn.

Gefaangen Opstännescher ginn desarméiert.
Ziviliste ginn nom Nidderschloe vum Opstand oftransportéiert
D'Reschter vum Ghetto nom Krich

Op der jiddescher Säit war den Opstand vun der jiddescher Kampforganisatioun (ŻOB) ënnert dem Mordechaj Anielewicz, dem jiddesche Militärverband (ŻZW) an aneren Organisatioune koordinéiert. De 16. Mee 1943 huet de Kommandant op der däitscher Säit, de Jürgen Stroop, verkënnegt, den Opstand wier definitiv ermëlzt an huet de selwechten Dag déi Grouss Synagog sprenge gelooss. "Es gibt keinen jüdischen Wohnbezirk in Warschau mehr!" huet hien houfreg op Berlin Rapport gemaach.

Et gëtt ugeholl, datt ronn Dräivéirel vun de Ghettokäpfer ëmkoumen oder dono ermuert goufen; op däitscher Säit ginn 300-400 Doudeg geschat (de Stroop schwätzt just vu 16 Gefalenen). Am Ganze si bei de Kämpf eng 12.000 Leit ëm d'Liewe komm, vill duerch d'Feier oder den Damp. Weider 30.000 Mënschen aus dem Ghetto goufen no de Kämpf erschoss, a 7.000 a Vernichtungslageren deportéiert.

Literatur änneren

  • Edelman, Marek (1990). The Ghetto Fights: Warsaw, 1941–43. London: Bookmarks Publications. ISBN 0-906224-56-X.
  • Goldstein, Bernard (2005). Five Years in the Warsaw Ghetto. Oakland: AK Press. p. 256. ISBN 1-904859-05-4.[2]
  • Meckl, Markus. "The Memory of the Warsaw Ghetto Uprising." European Legacy 13.7 (2008): 815-824.
  • Paulsson, Gunnar S. (2002). Secret City: The Hidden Jews of Warsaw, 1940–1945. New Haven: Yale University Press. ISBN 0-13-171918-1.

Um Spaweck änneren

Commons: Warsaw Ghetto Uprising – Biller, Videoen oder Audiodateien