Haaptsäit

Jidderee kann hei matmaachen - och Dir!

Hëlleft mat, Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?
Abléckleche WikiProjet: Kënschtlerbiographien.

Artikel vun der Woch

Mars Science Laboratory (kuerz MSL) ass eng NASA-Missioun, déi als Zil huet, de Mars z'erfuerschen, ob a wéi wäit een en als Biosphär benotze kéint. Dofir gouf op senger Surface e Rover mam Numm Curiosity (engl. fir Virwëtz) ausgesat, dee praktesch autonom schaffe kann. En ass mat zéng Instrumenter ekipéiert, fir ë. a. Gestengs, Atmosphär a Stralung z'analyséieren. Nieft Spektrographe kommen och Kameraen a meteorologesch Instrumenter zum Asaz. D'Donnéeë ginn op d'Äerd gefunkt. De Curiosity huet eng Mass vu knapps 900 kg an d'Gréisst vun engem klengen Auto; et ass dee bis ewell gréissten Objet, deen d'Mënschen op der Marsuewerfläch deposéiert hunn.

De 26. November 2011 um 15:02 UTC war d'Sond u Bord vun enger Atlas V(541) vun der Cape Canaveral Air Force Station aus gestart, an de 6. August 2012 um 05:31 UTC um Mars gelant... > méi

Archiv

Wousst Dir schonn datt...

Lëtzebuerger Guillotine
Lëtzebuerger Guillotine
  • ... d'Doudesstrof zu Lëtzebuerg fir d'lescht de 24. Februar 1949 ausgeféiert gouf, 1979 per Gesetz ofgeschaaft gouf an 1999 an der Verfassung festgehale gouf, datt se net méi agefouert kéint ginn?
  • ... den Amazonas seng Quell 190 km vum Pazifik ewech huet, mä da méi wéi 6000 km queesch duerch Südamerika leeft, fir dann an den Atlantik ze lafen?
  • … am Arno Schmidt sengem Roman Abend mit Goldrand eng ganz Rei Beschreiwungen iwwer Lëtzebuerg stinn, obwuel de Schmidt ni e Fouss an d'Land gesat huet? Archiv

Op engem 26. Abrëll

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
De Reakter 4 vun Tschernobyl
De Reakter 4 vun Tschernobyl
Méi iwwer: ... de 26. Abrëll...soss en Dag2024
Archiv

Kierzlech verstuerwen

Barbara Rush
Barbara Rush
Éischter am Joer - änneren

E Bléck op...

… de Michel Welter (gestuerwe virun 100 Joer, den 22. Abrëll 1924),
an der Chamber / am Gouvernement. Karikatur vum Pierre Blanc.
Archiv

Aner Wikimediaprojeten

Meta-Wiki Meta-Wiki – Koordinatioun    Commons Commons – Medien    Wiktionary Wiktionnaire – Dictionnaire    Wikibooks Wikibooks – Wierker    Wikiquote Wikiquote – Zitater    Wikiversity Wikiversity – Léierplattform    Wikisource Wikisource – Quellen    Wikinews Wikinews – Noriichten   Wikidata Wikidata – Wëssensdatebank    Wikivoyage Wikivoyage – Reeseguide    MediaWiki MediaWiki – MediaWiki-Software    Wikispecies Wikispecies – Datebank fir all d'Liewewiesen

Sprooch