Wéi och am Miller sengem Roman beschreift de Film d'Bohème-Liewe vun zwéin Amerikaner zu Paräis, déi sech et do mat Prostituéierten a Gesëffs, dat Ganzt mat e puer Liewensweisheete vereedelt, gutt goe loossen. A wéi och am Roman gëtt et eng Episod, an där déi zwéi fir e Week-end en Ausfluch op Lëtzebuerg maachen. Allerdéngs spillt de Film an der Géigewaart (deemno 1970), wärend d'Buch uganks vun den 1930er Jore spillt, déi Zäit, wou de Miller selwer zu Paräis gewunnt huet.
Zu Lëtzebuerg huet de Procureur d'État de Film den 18. Januar 1972 wéinst Verbreedung vun "Obszönitéit" saiséiere gelooss an domat eng hefteg Diskussioun ausgeléist... > méi
... der UNESCO no e Buch op d'mannst 49 Säiten (ouni den Deckel) muss hunn?
... deen éischte lëtzebuergesche Geldschäin 1856 vun enger privater Bank erausgi gouf, nämlech der BIL?
... de Basiliscus plumifrons, eng Eidechsenaart, op Franséisch och lézard Jésus-Christ genannt gëtt, well en, fir senge Feinden z'entkommen, op den hënneschte Patten iwwer d'Waasser lafe kann? Archiv