Logo fir 20 Joer Wikipedia op Lëtzebuergesch.

Hei sollen Informatiounen am Zesummenhank mam 20. Anniversaire vun der Lëtzebuergescher Wikipedia bereetgestallt ginn. Dës Säit ass nach am Opbau a ka sech dacks änneren.

20 Joer Wikipedia op Lëtzebuergesch

änneren

Den 21. Juli 2024 waren et genee 20 Joer hier, datt d'Benotzerin Briséis déi éischt Säiten op d'Wikipedia-Versioun a Lëtzebuerger Sprooch eropgelueden huet.

Zanterhier si mer bei 64.217 Artikelen ukomm. Dosende vu benevolle Contributeuren hu ronn 240 Megabyte[1] un enzyklopedeschen Informatioune geschriwwen, verbessert, aktualiséiert oder illustréiert. D'Wikipedia op Lëtzebuergesch huet sech wéi e Puzzel, Stéck fir Stéck zu enger eemoleger Informatiounsquell op Lëtzebuergesch, an absënns (ma net nëmmen) iwwer Theeme mat engem Bezuch op Lëtzebuerg, entwéckelt.

 
Wikimedia Lëtzebuerg huet 2 Roll-Upe maache gelooss.

Zesumme mam Veräin Wikimedia Lëtzebuerg asbl. wëlle mer, als Benotzercommunautéit, dëse Gebuertsdag zesumme feieren.

Aktivitéiten

änneren
  • Konferenz um Thema De Diderot à Wikipédia – la transformation de l’accès à la connaissance vum Rémi Mathis, déi de 26. September 2024 an der Nationalbibliothéik vun der BNL, an Zesummenaarbecht mat Wikimedia Lëtzebuerg, organiséiert gouf. All Mataarbechter waren häerzlech invitéiert. Umelle konnt ee sech iwwer dëse Link.

Nach geplangt

änneren
  • Feier den [tbc Sept-Okt 24] [tbc An der Eech zu Leideleng]:
    • Allocutioune vun [tbc] ...
    • Virtrag Invité #1
    • ...
  • Artikel an Nos cahiers iwwer d'lb.Wikipedia, deen 2 Wikipedianer virbereeden an deen am Wanter 2024 verëffentlecht soll ginn.

Material

änneren

Presserevue

änneren
  1. Baséiert op dësem Dump vun der Säit https://dumps.wikimedia.org/lbwiki/20240420/. Well de Fichier kompriméiert ass, muss een e fir d'éischt „entpaken“, fir déi tatsächlech Gréisst ze gesinn.