Karel IV. (HRR)

Grof vu Lëtzebuerg
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Karel I., gebuer de 14. Mee 1316 zu Prag an och do gestuerwen den 29. November 1378, war vun 1346 bis 1353 Grof vu Lëtzebuerg, vun 1346 bis 1378, als Karel IV., Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich, vun 1346 bis 1378 Kinnek vu Béimen a vun 1373 bis 1378 Maarkgrof vu Brandenburg.

Karel I.
Titelen
Virgänger Jang I.
Nofollger Wenzel I.
Biographie
Gebuer 14. Mee 1316
Prag
Gestuerwen 29. November 1378
Prag
Bestuet mat Elisabeth vu Pommern
Papp Jang de Blannen
Mamm Elisabeth vu Béimen
Geschwëster Bonne vu Lëtzebuerg, Anna vu Béimen, Margréit vu Béimen, Nikolaus vu Lëtzebuerg, Wenzel I. vu Lëtzebuerg, Jean-Henri vu Mieren
Kanner Wenzel II. vu Lëtzebuerg, Anne vu Béimen, Sigismund vu Lëtzebuerg, Johann vu Görlitz

Hien huet aus dem Haus Lëtzebuerg-Nassau gestaamt, war ee vun de bedeitenste Keesere vum Spéide Mëttelalter an ee vun den Herrscher mat deem gréissten Afloss an Europa.

An enger Charta déi de Karel I. den 22. Dezember 1353 zu Mainz opgesat hat, huet hien - absënns fir dem Abt Jean de Neuville seng Verdéngschter ze belounen - der Abtei vun Iechternach all hir Privileegien, Charten, Gewunnechtsrechter, Fräiheeten an Immunitéite confirméiert, déi den Abt vu senge Virgänger kritt hat.

D'Stad Prag verdankt him hir Universitéit, eng Rëtsch Gebaier an och déi bekannt Karlsbréck. D'Lëtzebuerger gesinn hien haaptsächlech am Zesummenhank domat, datt hien 1354 d'Grofschaft Lëtzebuerg zu engem Herzogtum erhuewen huet.

Fir un de Karel IV. z'erënnere gouf um Belair an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss nom him genannt: d'Rue Charles IV.

Famill änneren

De Karel I. war de Bouf vum Jang de Blannen (1296-1346), Grof vu Lëtzebuerg an der Elisabeth vu Béimen (1292-1330). Hie war véiermol bestuet:

Blanche vu Valois änneren

Hien huet sech 1329 mat senger éischter Fra bestuet, der Blanche vu Valois (1316, † 1348), Duechter vum Kinnek Karel I. vun Aragon a Valencia, Régent vu Frankräich, Grof vu Valois, Alençon, Chartres, Perche a Barcelona. Hiren Hallefbrudder war de Philip VI. Kinnek vu Frankräich. De Karel I. an d'Blanche haten zwee Kanner:

Anna vu Wittelsbach änneren

Seng zweet Fra - déi hien 1349 bestuet huet, war d'Anna vu Wittelsbach (1329, † 1353), Duechter vum Pfalzgrof um Rhäin Rudolf II.. De Karel I. an d'Anna haten nëmmen ee Jong, dee fréi gestuerwen ass:

Anna vu Schweidnitz änneren

Mat senger drëtter Fra - der Anna vu Schweidnitz (1339, † 1362) - gouf hien 1353 bestuet. Si war d'Duechter vum Heinrich II. Herzog vu Schweidnitz. De Karel I. an d'Anna haten zwee Kanner:

  • Elisabeth (1358, † 1373) bestuet mam Albrecht III. Herzog vun Éisträich.
  • Wenzel II. (de Lidderegen) (1361, † 1387) Herzog vu Lëtzebuerg, Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich a Kinnek vu Béimen.

Elisabeth vu Pommern änneren

1363 huet hien du seng véiert Fra bestuet, d'Elisabeth vu Pommern (1345, † 1392), Duechter vum Bogislav V. Herzog vu Pommern. De Karel I. an d'Elisabeth hate sechs Kanner:

Literatur änneren

  • Haag, Emil, 2011. Charles IV *1316 1378, le monarque européen, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 128-135.
Virgänger:
Jang I.
Grof vu Lëtzebuerg
1346 - 1353
Nofollger:
Wenzel I.
Virgänger:
Ludwig IV.
Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich
1346 - 1378
Nofollger:
Wenzel II.
Virgänger:
Jang I.
Kinnek vu Béimen
1346 - 1378
Nofollger:
Wenzel II.

Um Spaweck änneren

Commons: Charles IV, Holy Roman Emperor – Biller, Videoen oder Audiodateien