Marie-Paule von Roesgen

lëtzebuergesch Schauspillerin

D'Marie-Paule von Roesgen, gebuer als Marie-Paule Reiser de 5. November 1931 zu Lëtzebuerg a gestuerwen den 20. November 2024, war eng Theater- a Filmschauspillerin[1].

Marie-Paule von Roesgen
Gebuertsnumm Marie-Paule Reiser
Gebuer 5. November 1931
Lëtzebuerg
Gestuerwen 20. November 2024
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller

Liewen a Karriär

änneren

Si ass 1931 an der Pafendaller Maternité op d'Welt komm. Hire Papp war Affekot a Batonnier, hir Mamm eng engagéiert Feministin.[2]

No der Première huet si ugefaangen, zu Stroossbuerg Medezin ze studéieren, ass dann op Zänntechniker gewiesselt, huet awer béides net ofgeschloss. Parallel ass si zu Stroossbuerg op de Conservatoire gaangen an huet zu Bonn Sprecherziehung geléiert.

Tëscht 1979 an 1996 huet si Dictiounscoursen an däitscher a franséischer Sprooch am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ginn.

Hir éischt Theatererfarungen hat si am Lycée; ma eréischt am Alter vu 46 Joer, 1977, hat si en Duerchbroch al Guy Rewenig sengem Stéck Amerikanesch Zoustänn. Duerno war si an Dosende Produktiounen ze gesinn. Si hat hire gréisste Succès 2002 an enger franséischsproocheger Inszenéierung vun der Eve Ensler hire Vagina Monolgues am Théâtre du Centaure.

An den Ufanksjoere vum Kino zu Lëtzebuerg huet si dacks a Produktioune vum Hei-elei, vum Andy Bausch, Frank Hoffmann/Paul Kieffer, oder vum Pol Cruchten matgespillt. Hir lescht Roll war a Rusty Boys (2017) vum Andy Bausch


D'Marie-Paule Reiser huet sech 1954 mam Léon von Roesgen bestuet. Si war Mamm vu sechs Kanner.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. "Marie-Paule von Roesgen am Alter vun 93 Joer gestuerwen." rtl.lu, 21.11.2024.
  2. Quell, wou net anescht uginn: "Am Alter vun 93 Joer: D'Marie-Paule von Roesgen ass gestuerwen", doran och 'Op Besuch' - En Interview vun 2007. 100komma7.lu, 21.11.2024.