Stär
Wolf 1061
Stärebild: Ophiuchus (Oph)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 16h 30m 18,1s
Deklinatioun - 12° 39' 45"
Visuell Magnitude + 10,1 mag
Spektralklass: M3 V
Astrometrie
Radialvitess: -21,0 km/s
Parallax 232,98 ± 1,60 mas
Distanz 13,8 Lj.
Absolut Hellegkeet ?
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 0,25 M☉
Radius: 0,26 R☉
Liichtkraaft: 0,0079 L☉
Metallizitéit: –0,02 ± 0,17
Uewerflächentemperatur 3,380 ± 20 K
Aner Bezeechnungen
Bayer-Bezeechnung V2306 Ophiuchi
Gliese Gliese 628
Hipparcos-Katalog HIP 80824

Den Wolf 1061 (oder Gliese 628, HIP 80824 an V2306 Ophiuchi) ass e Rouden Zwerg mat der Spektralklass M. Hie läit ronn 13,8 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech am Stärebild Ophiuchus. Dat extrasolart System huet mat 1,2 Bousekonnen pro Joer eng relativ héich Eegebeweegung. Wéi déi meescht rout Zwergen huet de Wolf 1061 eng lues Rotatiounsperiod vu méi wéi 100 Deeg, och wa genee Miessungen bis elo nach net virleien. De Stär ass ganz stabil, ass warscheinlech wéineg aktiv a weist keng spektroskopesch Eegenheeten op. De Stär gouf 1919 vum däitschen Astronom Max Wolf katalogiséiert, wou hien eng Lëscht mat donkle Stären an héijen Eegebeweegunge publizéiert hat. Den Numm Wolf 1061 staamt aus dëser Lëscht.

Planéitesystem änneren

Am Dezember 2015 hat en Astronomenteam vun der University of New South Wales d'Entdeckung vun dräi Planéiten, publizéiert, déi ëm de Wolf 1061 kreesen. D'Planéite goufen duerch d'Analys vun 10 Joer laang gesammelten Observatiounsdaten vum HARPS-Spektrograph um La-Silla-Observatoire am Chile entdeckt. Duerch Moossunge vum Spektrum mam HARPS an fotometresch Miessungen duerch All Sky Automated Survey huet d'Team zwéin Exoplanéite mat Ëmlafzäiten vu 4,9 an 17,9 Deeg an zimmlech warscheinlech och nach en drëtte mat enger Ëmlafzäit vu 67,3 Deeg entdeckt.

D'Mass vun allen dräi Planéiten ass niddreg genuch, fir wéi déi bannenzeg Planéiten am Sonnesystem Gestengsplanéiten ze sinn, och wann déi tatsächlech Gréisst an Dicht nach onbekannt ass. Dat konnt vun der Äerd aus duerch eng Bedeckung vum Stär duerch d'Planéite gesinn a berechent ginn. Well allen dräi Planéiten de Stär relativ no ëmkreesen a kuerz Ëmlafzäiten hunn, war d'Chance grouss, datt dat och passéiert ass.

Ee vun de Planéiten, den Wolf 1061c, ass eng Superäerd, déi am bannenzege Rand vun der habitabler Zon vum Stär läit, déi vun ongeféier 0,073 bis 0,190 AE reecht. Hien ass dee potentiell bewunnbaren Exoplanéit deen am nooste bei der Äerd ass. Och deen Wolf 1061d deen eppess méi wäit bausse läit , kéint, wa seng Atmosphär richteg beschafen ass, bewunnbar sinn, well hien nëmme knapps baussent der habitabler Zon läit.

Planéitesystem vum Wolf 1061 änneren

Planéit Mass Grouss Hallefachs Ëmlafzäit Exzentrizitéit Radius
Wolf 1061b 1.36 ± 0.23 M 0.035509 ± 0.000007 AE 4.8876 ± 0.0014 d onbekannt 1.44 R
Wolf 1061c 4.25 ± 0.37 M 0.08427 ± 0.00004 AE 17.867 ± 0.011 d 0.19 ± 0.13 1.64 R
Wolf 1061d 5.21 ± 0.68 M 0.2039 ± 0.0002 AE 67.27 ± 0.12 d 0.32 ± 0.16 2.04 R

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren