D'Astrofotometrie ass d'Léier, déi sech dermat beschäftegt d'Hellegkeet vun de Stären an hir Variatiounen ze moossen an domat och hir Gréisst festzestellen.

D'Hellegkeet vu Fixstäre fir d'Bestëmmung vun hirer Gréisst gouf schonn 1925 vum schweedesch-däneschen Astronom Svante Elis Strömgren a sengem Buch Die Haaptprobleme der modernen Astronomie beschriwwen.

Aarte vun Astrofotometrie änneren

Et ënnerscheet een dräi verschidden Aarte vun Astrofotometrie. Jee no Gebrauchszweck respektiv gewolltem Fuerschungsresultat gëtt entweeder déi visuell Astrofotometrie, déi fotografesch Astrofotometrie oder déi fotoelektresch Astrofotometrie benotzt.

Zweck änneren

Wichteg ass bei deene verschiddenen Aarten de Fuerschungszweck, d'Ermëttele vun der Stärenhellegkeet. Allgemeng ass haut d'fotoelektresch Astrofotometrie am Gebrauch, well sech duerch d'Bäischalte vu verschiddene Faarffilteren zousätzlech Asiichten iwwer de physikaleschen Zoustand vun de Stären erkenne loossen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie