Als Äerdmass, M🜨, bezeechent een d'Mass vum Planéit Äerd. Si ass 5,9722•1024 kg[1]. Bal 70 Prozent dovun entfalen op den Äerdmantel.

Dës Gréisst gëtt dacks benotzt, fir d'Mass vu Planéite relativ zu eiser Äerd ze beschreiwen. Eng grouss Roll spillt si nieft der Astronomie och an der Geodesie, Physik an an der Raumfaart.

Bezugsobjet Wäert Verhältnësser weider Vergläicher
Äerdmound 7,348·1022 kg 1 Moundmass zirka 1/81 Äerdmass
Äerd 5,9736·1024 kg 1 Äerdmass 81,2 Äerdmoundmassen
Jupiter 1,8986·1027 kg 1 Jupitermass 317,8 Äerdmassen
Sonn 1,9891·1030 kg 1047 Jupitermassen 332.946 Äerdmassen

D'Bestëmmung vun der Äerdmass M kann nëmmen zesumme mat der Gravitatiounskonstant G (G = 6,674.10-11 m³/kg.s²) gemaach ginn, déi awer nëmme bis op 4-5 Kommaplaze bestëmmt ass. Dogéint kann d'Produkt G.M mat Methode vun der Satellittegeodesie méi genee berechent ginn (G.M = 3,9860042.1014 m³/s²).

Am Kader vun der Bestëmmbarkeet vun dësem Wäert kann d'Äerdmass als Konstant gëllen, well sech hiren eventuelle Massenzowuess eréischt wäit déi Säit vun der 8. Dezimal ofspillt. Zu dem Massenzouwuess ziele virun allem déi ronn 40.000 Tonne Meteoritestëbs, déi all Joer op eis Äerd falen. Zum Masseverloscht gehéiert d'Entwäiche vu liichte Gasen (besonnesch Waasserstoff) aus der Héichatmosphär an de Weltraum.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

  1. "2016 Selected Astronomical Constants".