Wikipedia:Relevanz

Fir eng eenheetlech Approche ze hunn, a fir Diskussiounen an Eenzelfäll iwwerflësseg ze maachen, hei eng Lëscht vun de gängege Relevanzcritèren op dëser Wikipedia.

"Relevant" bei Persounen ass keng Wäertung vun hire perséinleche Meritten u sech, mä e Katalog vu eenheetlechen objektive Critèren, déi determinéieren, wat oder wien an dëser Enzyklopedie eng Plaz huet, a wat/wien net.

Persounen aus LëtzebuergÄnneren

ArchitektenÄnneren

  • en Architekturpräis gewonnen hunn (Bauhärepräis, ...)
  • op d'mannst 3 notabel Gebaier entworf hunn (deemno net just Wunnhaiser)

AuteurenÄnneren

  • Bei Saachthemen: op d'mannst 3 Artikelen a Fachpublikatiounen
  • op d'mannst eng eegestänneg Publikatioun (d. h. e Buch, dat an engem Verlag erauskomm ass - net Selbstverlag)
  • Bei Belletristik: op d'mannst 3 eegestänneg Publikatiounen
  • Laureat bei engem Literaturconcours (Nationale Literaturconcours, Servais-Präis, Batty-Weber-Präis)

EkonomenÄnneren

  • Direkteren/Manager vu grousse Lëtzebuerger Firmen (Top 10)

FuerscherÄnneren

  • Member vun enger Fuerschungsgesellschaft oder enger Sektioun vum Institut grand-ducal
  • Dozent op enger Héichschoul/Uni
  • an hirem Wëssensgebitt aktiv (gewiescht) sinn a publizéiert hunn (k.u.)
  • Ausnamefäll vun 'Hobbyfuerscher', déi op hirem Gebitt signifikativ Entdeckungen/Sammlungen/Recherchë gemaach hunn (v.a. 19. Jh.)

MedienÄnneren

  • Chefredakter oder Editeur vun enger Zeitung oder engem Medium, dat Pressehëllef kritt, oder eng Oplo vun iwwer 5.000 huet
  • Journalisten a Presentateure vun Televisiounssenderen
  • Radiosspeaker, déi zu de "Pionéier" zielen, oder op engem Radio mat nationaler Frequenz iwwer méi Jore reegelméisseg Sendunge maachen

Moler, Sculpteuren, ...Änneren

  • Laureate vu Konschtpräisser (Prix Grand-Duc Adolphe,...)
  • Op d'mannst 5 Ausstellungen (eegen, oder mat aneren)
  • A Fachpublikationen ernimmt, z. B. a Konschtlexika, -anthologien, etc.
  • Wierker an der Collectioun vum Staatsmusée

Museker, Bands, KomponistenÄnneren

  • op d'mannst eng CD/EP déi ënnert deem Numm erauskomm ass
  • Optrëtter op Festivallen oder bei eegestännege Concerten a Concertssäll/-halen.
  • Member vun enger Band, déi déi Critèren erfëllt
  • Komponist vu Stécker, deen déi Critèren erfëllt

PolitikerÄnneren

  • Groussherzogen an hir direkt Famill (Fra/Mann an hir Kanner; Ierfgroussherzogen an hir Conjointen)
  • Regierungsmemberen (Ministeren a Staatssekretären)
  • Deputéiert am nationalen oder am Europaparlament
  • Buergermeeschteren
  • Membere vum Staatsrot
  • Parteipresident oder -generalsekretär
  • Generalsekretär/President vun enger Gewerkschaft

ReliounÄnneren

  • Bëscheef
  • Groussrabbiner

Schauspiller, RegisseurenÄnneren

  • huet eng (vun den) Haaptroll(en) an engem lëtzebuergesche Film gespillt
  • huet op d'mannst a 5 lëtzebuergeschen oder auslännesche Filmer matgespillt
  • Laureat vun engem Lëtzebuerger Filmpräis oder soss engem auslännesche Filmpräis
  • Regisseur vun op d'mannst engem lëtzebuergesche Moyen- oder Long métrage-Film (Fiktioun oder Documentaire)
  • Regisseur vun op d'mannst 3 Kuerzfilmer

SportlerÄnneren

  • Laureat beim Lëtzebuerger Sportler vum Joer
  • Kader vum COSL
  • Olympionik
  • bei Equippesportler:
    • Member vun enger Nationalequipe am Foussball, Basketball, Handball, Äishockey, Volleyball, Cricket
    • Member vun enger auslännescher Equipe, déi an enger nationaler Liga matspillt
    • Trainer vun enger Nationalequipe oder enger auslännescher Equipe, déi do an enger nationaler Liga matspillt
  • bei Eenzelsportler:
    • Sportler déi national Rekorder opgestallt hunn
    • Sportler déi Landesmeeschter sinn oder waren
    • Sportler déi bei Welt- oder Europameeschterschaften ënner den 10 éischte klasséiert goufen

Staatlech oder parastaatlech Organisatiounen a VerwaltungenÄnneren

  • Direkter/President vun engem Ëffentlechen Etablissement

Persoune vu soss doruechterÄnneren

  • An op d'mannst enger "grousser" (en, de, fr, ...) Wikipedia en Artikel hunn
  • An Ausnamefäll: e spezielle Bezuch op Lëtzebuerg, dee fir dës Persoun signifikant ass

GeographieÄnneren

  • all Lëtzebuerger Uertschaften, inklusiv Häff a Lieu-diten (a bei grousse Stied: Quartieren)
  • all Lëtzebuerger Waasserleef
  • all Lëtzebuerger Knuppen/"Bierger"
  • Stroossen (souwäit et eppes dozou ze soe gëtt)
  • all Naturschutzgebidder, déi eng gesetzlech Grondlag hunn an op der Lëscht vum Ëmweltministère opgeholl goufen

BauwierkerÄnneren

VeräinerÄnneren

  1. uerdentlech agedroe sinn (d'Statute mussen bei no 1961 gegrënnte Veräiner op www.legilux.lu oder beim Handelsrëgester op www.lbr.lu ze fanne sinn.[1];
  2. eng signifikant Aktivitéit Opweises hunn (iwwer déi a Medie Rieds geet);
  3. Informatiounen iwwer d'Geschicht musse virleien.

Soss SaachartikelenÄnneren

  • All Artikel deen an enger anerer Wiki (z. B.: fr; de; en; nl; es) existéiert kann et och hei ginn.

ReferenzenÄnneren

  1. Legilux féiert Veräiner eréischt op, wa si no 1961 entstane sinn, cf. http://www.legilux.public.lu/entr/index.php, dureno sti se um lbr.lu