Is It True What They Say About Luxembourg?

Et gouf virgeschloen, dësen Artikel ze läschen, an e gouf an d'Lëscht vun de Säiten déi geläscht solle ginn agedroen. Och Dir sidd invitéiert, Är Meenung dozouzeschreiwen. Grond: net relevant.

Is It True What They Say About Luxembourg? (englesch fir Ass et wouer, wat iwwer Lëtzebuerg gesot gëtt?) ass den Numm vun enger Promotiounscampagne vum Lëtzebuerger Staat, déi de 7. Januar 2010 lancéiert gouf, fir déi national Wirtschaft ze fërderen a mat Stereotyppen iwwer Lëtzebuerg opzeraumen.

Opbau änneren

Déi ganz Campagne baséiert op 10 tëscht 3 a 4 Minutte laange Filmer, déi een op der Internetsäit "Promoteluxembourg.com" kucken an erofluede kann. All Film presentéiert ee bestëmmten Aspekt vu Lëtzebuerg:

  • Life (Liewen)
  • Business (Wirtschaft, Aarbecht)
  • Products and Services (Produkter an Servicer)
  • Investment (Investissementer)
  • Finance (Finanzen)
  • Meetings (Soziaalt Liewen)
  • Holidays (Vakanz, Fräizäit, Tourismus)
  • Luxembourg City (Stad Lëtzebuerg)
  • City of Esch (Stad Esch-Uelzecht)
  • Wines (Wäin)

De Konzept vun Is It True What They Say About Luxembourg? gouf vum Realisateur Thomas Neunreither mat verschiddene Ministèren an Organisatiounen zesummen entwéckelt a vum Broadcasting Center Europe produzéiert.[1] Den Neunreither huet wärend engem Joer iwwer 150 Stonne Filmmaterial gesammelt, woubäi hien déi meescht Biller selwer gedréint huet, an deelweis vun engem Kameramann gehollef krut.[2]

All Film fänkt mat e puer net ëmmer ganz eescht gemengte Clichéen iwwer Lëtzebuerg un (zum Beispill: Ass et wouer datt lëtzebuergesche Wäin och als Mazout fir Raumschëffer benotzt gëtt?), wouropshin no enger hallwer Minutt en "No" (Nee) erschéngt an déi positiv Säite vum presentéierten Aspekt virgestallt ginn. Heibäi wiessele sech d'Biller (Noopnamen a Loftopnamen) am Rhythmus vun enger Technomusek am Hannergrond séier of.

Presentatioun änneren

Den Internetsite mat de Filmer gouf de 7. Januar 2010 an de CarréRotondes zu Hollerech[3] a Presenz vum Wirtschaftsminister Jeannot Krecké an der Ministesch fir Mëttelstand an Tourismus, Françoise Hetto-Gaasch, virgestallt.[4]

D'Filmer, déi et och op DVD gëtt[5], sinn um "Media Wall" am Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung 2010 zu Shanghai gewise ginn.

Partenaire vum Projet änneren

Déi heiten ëffentlech a privat Organisatiounen hu sech um Projet bedeelegt:

  • Ministère de l'Économie et du Commerce extérieur
  • Ministère des Classes moyennes et du Tourisme
  • Luxembourg for Business
  • Luxembourg for Finance
  • Stad Lëtzebuerg
  • Stad Esch-Uelzecht
  • Commission de promotion des vins et crémants de Luxembourg
  • Service information et presse du gouvernement
  • Broadcasting Center Europe

Kritik änneren

Un der Campagne gouf kritiséiert, dat verschidden Textdeeler an de Filmer Feeler op Englesch enthalen.[6]

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. backstage.rtlgroup.com 12.01.2010 (en)
  2. Le Jeudi: Le Luxembourg fait son cinéma 14.091.2010 (fr)
  3. Le Quotidien: Présentation du nouveau film de promotion du Grand-Duché de Luxembourg 04.01:2010 (fr)
  4. gouvernement.lu Nouveau film de promotion du Grand-Duché de Luxembourg 07.01.2010 (fr)
  5. filmreakter.lu Where Luxembourg lies? 04.01.2010 (en)
  6. station.lu Is it true what they say about Luxembourg? (Video) 08.10.2010 (en)