Wikipedia:Aktualitéit
Mir sinn de(n) 22. November 2024, 09:56 UTC.
Dës Säit muss ënnerhale ginn, fir e Sënn ze hunn. Si fëllt sech net vum selwen. Fräiwëlleg Mataarbechter si méi wéi wëllkomm.
Kuckt och: 2006, 2007, 2008, asw. fir eng Iwwersiicht, wat Wichteges geschitt war. |
Juli 2010
änneren- 24. Juli: Op der Loveparade zu Duisburg stierwe bei enger Massepanik 19 Leit.
Mee 2009
änneren- : De 9. MeeJacob Zuma gëtt zum neie President vu Südafrika vereedegt, nodeem en de 6. Mee vum Parlament an dës Funktioun gewielt gouf.
- 13. Mee: Leschten Dag vun de Parlamentswalen an Indien.
- 17. Mee: D'Dalia Grybauskaitė gëtt mat 69 % vun de Stëmmen zur Presidentin a Litauen gewielt.
Abrëll 2009
änneren- : 1. AbrëllAlbanien a Kroatien gi Member vun der NATO.
- : De 1. AbrëllBenjamin Netanjahu gëtt neie Regierungschef an Israel.
- : De 3. AbrëllNajib Tun Razak gëtt President vu Malaysia.
- : Den 5. AbrëllDjordje Ivanov gewënnt am zweeten Tour d'Presidentschaftswalen a Mazedonien.
- : Den 5. AbrëllIvan Gašparovič gëtt am zweeten Tour bei de Presidentschaftswalen an der Slowakei erëmgewielt.
- Moldawien gewënnt d'Kommunistesch Partei (Partidul Comuniştilor din Republica Moldova) ënner dem Vladimir Voronin mat ronn 60 % vun de Sëtz. 5. Abrëll: Bei de Parlamentswalen a
- Dänemark gëtt de Lars Løkke Rasmussen Premierminister, nodeem den Anders Fogh Rasmussen Generalsekretär vun der NATO gouf. 5. Abrëll: An
- : Bei engem 6. AbrëllÄerdbiewen an Abruzzen (Italien), ronderëm d'Stad L'Aquila, stierwen bal 300 Mënschen, ronn 40.000 verléieren hiert Doheem.
- : Parlamentswalen an 9. AbrëllIndonesien.
- 11. Abrëll: Den Abdelaziz Bouteflika gëtt als President vun Algerien erëmgewielt.
- 14. Abrëll: De Maurice Druon, franséischen Auteur a Politiker stierft.
- 16.: D'Parlamentswalen an Indien fänken un a se daure bis den 13. Mee
Mäerz 2009
änneren- : De President vu 2. MäerzGuinea-Bissau, João Bernardo Vieira, gëtt bei engem Militärputsch erschoss.
- 12. Mäerz: Lëtzebuerger Constitutioun gëtt geännert.
- 12. Mäerz: De Valdis Dombrovskis gëtt neie Premierminister a Lettland.
- 15. Mäerz: De Mauricio Funes gëtt zum neie Staatspresident vun El Salvador gewielt.
- 18. Mäerz: den Andry Rajoelina autoproklaméiert sech President vu Madagaskar, nodeem de Marc Ravalomanana den Dag virdrun zréckgetruede war an d'Muecht engem "militäreschem Directoire" iwwerdroen hat.
- 24. Mäerz: Déi tschechesch Regierung ënner dem Mirek Topolánek, déi d'EU-Presidence huet, trëtt no engem Mësstrauensvote am tschechesche Parlament zréck. Den 8. Mee iwwerhëlt de Jan Fischer iwwerganksméisseg d'Amtsgeschäfter.
- 29. Mäerz: D'Awunner vu Mayotte stëmmen dofir, datt d'Insel 2011 e franséischt Departement soll ginn.
Abrëll 2007
änneren- Déi hollännesch ABN Amro-Bank verléiert hir Onofhängegkeet: D'Barclays-Bank iwwerhëlt hir Konkurrentin fir 70 Milliarden €. Déi nei Hoding wäert Barclays PLC heeschen. Et "verschwannen" 12.800 Aarbechtsplazen.
- Déi lëtzebuergesch Motopoliziste gi mat schwaarze Liedercombinaisonë mat orange Schëllerstécker equipéiert, déi am Schwarzwald fabrizéiert ginn
Mäerz 2007
änneren- 12. Mäerz: De Premier Jean-Claude Juncker gëtt an déi franséisch Académie des Sciences Morales et Politiques opgeholl. Hien hëlt d'Plaz vum Verstuerwenen Afrikaner Léopold Sédar Senghor an.
- 16. Mäerz: Den Televisiounssender T.TV hält op mat senden.
August 2006
änneren- 13. August: Den David Fiegen gewënnt déi éischt Europameeschterschaft-Medail fir Lëtzebuerg. Mat enger Zäit vun 1.46:59 gewënnt hien eng Sëlwermedail am 800m hanner dem Hollänner Bram Som.
Juli 2006
änneren- 18. Juli: De Fränk Schleck gewënnt déi 15. Étappe, op L'Alpe d'Huez, vum Tour de France 2006.
Mee 2006
änneren- 11. Mee: Fir d'5. Kéier gëtt zu Lëtzebuerg den Girls' Day organiséiert deem säin Zil et ass, am Sënn vun der Gläichberechtegung de Meedercher méi technesch Beruffer méi no ze bréngen. An Däitschland ass de Girl's Day de 27. Abrëll.
- 10. Mee Gläich 5 gutt Neiegkeete koumen aus der an der Lescht dach staark gebeidelter lëtzebuergescher Wirtschaft. Den amerikaneschen Autozouliwwerer Delphi wäert säi Wierk zu Nidderkäerjeng awer net zoumaachen. Obwuehl Delphi ugekoennegt huet weltwäit eng Rei Wierker zou ze maachen, solle verschidden Aktivitéiten zu Lëtzebuerg ausgebaut ginn. 20 Nei Aarbechtsplaze solle sou geschaafe ginn. Wann d'WSA sech vu Beetebuerg zréckzitt waert dat eidelt Areal net laang eidel stoen. Wéi de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké matgedeelt huet, stinn eng Partie Projeten zur Diskussioun. D'Regierung préconiséiert eng Léisung am Logistik Beraich. An och zu Jonglenster get et ee Repreneur fir eng Firma déi hir Dieren zoumecht. Wann d'Firma Cement hei demnächst d'Luuten ausmecht waert den deitschen Hela Groupe kuerz duerno an de Startlächer stoe fir se nees unzeknipsen. 30 Aarbechtsplaze si vun der Fermeture vu Clement betraff. 60 bis 70 Aarbechtsplaze solle vun Hela nees nei geschaf gin. 2 Entreprisen déi viru Kuerzem nach a finanzielle Schwieregkeete waren, hunn haut hir Bilane vun 2005 respektiv vum 1. Quartal 2006 presentéiert. D'Mediegrupp Saint-Paul an de Logistikkonzern Thiel schreiwen nees schwaarz Zuelen.
- : De 9. MeeGroussherzog Henri a seng Fra sinn haut vum Poopst zu Roum an Audienz empfaange ginn.
- : Uganks des Joer ware 3. MeeGerüchter an Emlaf komm no deenen d'Monopol-Geschäfter a finanzielle Schwieregkeete wieren. Nach den 18. Februar huet d'Generaldirektioun verkoennegt dat un dese Gerüchter naischt dru wier, a si hu virun der Presse Entwarnung ginn wat eventuell Entloossungen géif ugoen. De 26. Abrëll dunn ass d'Nouvelle ageschloe wéi eng Bomm. De Monopol ass um Enn an all seng 10 Geschaefter waerten nach dest Joer hir Dieren zoumaachen. 263 Mataarbechter stinn domat virun der Dier. Haut sinn d'Verhandlungen em e Sozialplang ugaangen, an et schengt wéi wann den neien Modell vum Maintien dans l'emploi vun alle Bedeelegten géif preconiséiert ginn.
- : De Premier 2. MeeJean-Claude Juncker huet an der Chamber seng Deklaratioun zur Lag vun der Natioun gemaach.
Abrëll 2006
änneren- 27. Abrëll: D'Luxair gouf vun 6 europäeschen Verbraucherschutzorganisatiounen zur 5. bester Fluchgesellschaft gewielt. Gefroot goufen 9.000 Fluchgäscht an ausgewert goufen 36.000 Flich vun 110 verschiddene Fluchgesellschaften. Ob Plaz 1 koum Singapore Airlines, gefollegt vun Malaysian Airlines, Qantas a Sry Lankan Airlines.
- 16. Abrëll: De Fränk Schleck gewënnt d'Amstel Gold Race (UCI ProTour) an Holland.
Mäerz 2006
änneren- 22. Mäerz: Weltwaasserdag.
- 20. Mäerz:Irak.An der Editioun vum 20. Mäerz publizéiert Time, wéi et dozou koum datt den 19. November US-Marines, no enger Bommenattack, 15 onbewaffent irakesch Zivilleit (dorënner siwe Fraen an dräi Kanner) an hiren Haiser erschoss hunn. (http://www.time.com/time/world/printout/0,8816,1174649,00.html)
- 19. Mäerz: Wäissrussland.Bei enger Walbedeelegung vun 92,6 % a Wäissrussland kritt den aktuelle President Alexander Lukaschenko no offiziellen Donnéeën 82,6 Prozent vun de Stëmmen. De SPIEGELonline schreift vu "Wahl-Farce" ", am Deutschlandradio-Kultur bezeechent den EU-Komminssiounsvizepresident Günter Verheugen Wäissrussalnd als déi "lescht wierklech Diktatur" an Europa. Den Delegatiounschef vun de 467 Walobservateure vun der GUS, de Wladimir Ruschailo, seet virun der Press, d'Wale wieren no de wäissrussesche Gesetzer verlaf.
- 17. - 19. Mäerz: Den 23e Festival des migrations des cultures et de la citoyenneté an der Luxexpo um Kierchbierg mat den Themen "Neit Gesetz zur Asylpolitik", "Illegal Immigratioun", "Wat fir eng Méiproochegkeet fir Lëtzebuerg?". Organiséiert gëtt de Festival vum CLAE.
- 16. Mäerz: An der Chamber zu Lëtzebuerg geet Rieds iwwer d'Kooperatioun an iwwer d'Ännerung vun der Verfassung: d'Gläichsetzung vu Mann a Fra!
- : Den Internationale Fraendag ass ouni vill Gedausch iwwer d'Bühn gaangen. D'EU appelléiert un d'Männer un där Aktioun deelzehuele géint Zwangsprostitution wärend der WM-Foussballweltmeeeschterschaft, wou mat 1.000.000 den Dag un Agressiounen u Frae gerechent gëtt: Kaf vu Sex eng Mënscherechtsverletzung. 8. Mäerz
Februar 2006
änneren- : Honnerten 3. FebruarIndonesier hunn haut mam Slogan "Loosst eis den däneschen Ambassadeur schluechten" déi dänesch Botschaft gestiermt an alles kuerz a kleng gehaen. Ronn 100 Poliziste stoungen do fir deem Crime nozekucken ouni iergendeen ze verhaften oder anzegräifen. An der Nuecht si palestinesesch Al-Aksa-Brigaden an Hotellen agedronge fir no Europäer ze sichen déi ëmbruecht oder entfouert solle ginn. Hannergrond vun deene Doten as d'Verëffentlechung vu satireschen Zeechnungen iwwer de Mohammed, déi zioer vun der dänescher Zeitung Jyllands-Posten als Protest géint Selbstzensur a Beschränkung vun der Meenungsfräiheet verëffentlecht goufen, a mëttlerweil vu villen europäeschen Zeitunge solidaresch nogedréckt goufen.
Januar 2006
änneren- 27. Januar: Den indesche Milliardär Lakshmi Mittal huet haut de muere bekanntginn, datt säi Stolkonzern Mittal Steel Company wëlles huet, fir 18,6 Milliarden Euro d'Arcelor opzekafen. Mittal Steel ass am Moment a Saache Stol d'Nummer 1 op der Welt an d'Arcelor d'Nummer 2 - wann dëse feindleche Coup op der Bourse duerchgoe géif, kéint en neie Stolgigant entstoen, deem u Lëtzebuerg als Standuert a Gesellschaftssëtz net onbedingt geleeën ass. D'Lëtzebuerger Vollek erwaart elo vu senger Regierung, datt se kloer Positioun bezitt a Moossname géint de Verloscht vun der gréissten Entreprise aus dem Land hëlt. Obscho se elo net déi finanziell Moyenen huet fir hir Eegebedeelegung substantiell eropzesetzen, ka se ëmmer nach op eng Ännerung vun de Statute vun der Arcelor poche fir datt en Investor mat méi wéi 50 % vun den Aktien just nëmme maximal 5 % vun den Droits de Vote ausübe kann, oder se misst - grad wéi Frankräich - kuerzfristeg Gesetzer huelen déi auslännesch Investitiounen a sensibel Beräicher u bestëmmt Oploen a Garantië bënnt (z. B. Standuert a Gesellschaftssëtz op d'mannst 15 Joer am Land ze loossen).
- 16. Januar: An der Tierkei huet d'Vullegripp haut e véiert Doudesaffer gefuerdert. Op d'mannst 20 weider Persounen hu sech mam Erreger infizéiert. Et gëtt elo gefaart, datt de Virus H5N1 vun do mat Zuchvigel oder Mënschen och an Europa komme kéint.