De Mirek Topolánek ˈmɪrɛk ˈtɔpɔlaːnɛk, gebuer de 15. Mee 1956 zu Vsetín, ass en tschechesche Politiker (ODS). Hie war vum September 2006 bis de Mee 2009 Ministerpresident vu sengem Land.

Mirek Topolánek
Gebuer 15. Mee 1956
Nationalitéit Tschechesch Republik
Aktivitéit Politiker, Ingenieur, Pedagog
Partei ODS

Den Topolánek huet Maschinnebau op der Technescher Universität zu Brno studéiert an no sengem Ofschloss, Enn vun den 1970er Joren, als Ingenieur am Kuel-Beräich geschafft. Zanter 1989 engagéiert hie sech politesch; fir d'éischt op lokalem Plang, zanter 1996 als Deputéierte vum tschechesche Senat. Hie gouf 2002 Vizepresident vum Senat an, als Nofollger vum Václav Klaus, President vun der Partei ODS. Dës krut bei de Parlamentswalen am Juli 2006 déi meescht Stëmmen, mä d'Stëmmeverdeelung am Parlament war sou, datt praktesch nëmmen eng ganz knapps Majoritéit, wann iwwerhaapt, fir d'Koalitiounsregierung dobäi erauskoum. D'Regierung konnt sech e puer Joer halen, ass awer am Mäerz 2009 iwwer e Mësstrauensvote gefall.

Um Spaweck änneren

Commons: Mirek Topolánek – Biller, Videoen oder Audiodateien