D'Wendekreesser sinn déi béid Breetekreesser vu jee 23°26'16" nërdlecher a südlecher Breet, déi fir d'Sonnebunn Grenzmarken duerstellen. D'Wendekreesser verlafen 2.609 km nërdlech a südlech vum Equator. Tëscht dem nërdlechen a südleche Wendekrees sinn d'Tropen.

Wendekreesser an Equator
D'Sonn steet am Zenit, z'erkennen um Schiet.

All Kéier bei der Sonnewend (20./21. Juni an 21./22. Dezember) erreecht de Sonnestand op der Nord- resp. Südhallefkugel op de Wendekreesser den Zenit; d'Sonn steet da mëttes um héchstméigleche Punkt an e vertikale Staf deen um Buedem steet wërft da kee Schiet. D'Ofwäichung (Deklinatioun) vun der Sonn vum Himmelsequator ass zu dësen Zäitpunkte maximal an hëlt duerno nees of. Baussenzeg vun de Wendekreesser steet d'Sonn ni um Zenit, tëscht de Wendekreesser, zweemol am Joer, um Equator all Kéier beim Fréijoers- an Hierschtufank um mëttes Richteg Lokalzäit.

D'Wendekreesser änneren hir exakt Lag mat der Schréi vun der Ekliptik. Am Ament beweege si sech mat enger Vitess vu ronn 1 Bouminutt an 128 Joer oder och 14,4 m pro Joer op den Equator zou. Ursaach ass d'Nutatioun vun der Äerdachs.

Nërdleche Wendekrees änneren

 
Monument fir d'Markéierung vum nërdleche Wendekrees bei Hualien op Taiwan

Den nërdleche Wendekrees (Tropic of cancer) ass den nërdlechste Breetekrees, wou d'Mëttesssonn sou just nach den Zenit erreecht, nämlech nëmmen den 21. Juni, dem Dag vun der Summersonnewend vun der Nordhallefkugel. Et ass de Breetekrees bei 23°26′16″ nërdlecher Breet a verleeft ongeféier duerch d'Südspëtzt vu Nidderkalifornien bei La Paz, nërdlech vu Kuba iwwer den Atlantik zu der mëttlerer Sahara duerch d'Westsahara, Mauretanien, Mali, Algerien, Libyen an Egypten. Weider verleeft de Wendekrees duerch d'Arabesch Hallefinsel 112 km südlech vu Medina an duerch d'Vereenegt Arabesch Emirater an duerch den Oman, Indien (Kalkutta), duerch Bangladesch, Myanmar, Südchina (Guangzhou), Taiwan an nërdlech vun de Pazifik-Inselen a Richtung Hawaii (136 km nërdlech vun der Insel Kauai).

De nërdleche Wendekrees gëtt och „Wendekrees vum Kribs“ (Cancer) genannt – am Sënn vum Déierkreeszeechen. D'Stärebild, dat d'Sonn zu der Sonnewend duerchkräizt huet, war bis 15 v. Chr. d'Stärebild Kribs an duerno d'Stàrebild Zwillinge. Zanter 1990 ass d'Summersonnewend am Stärebild Stéier, well sech d'Equinoktialpunkte am sideresche Bezuchssystem duerch d'Prezessioun lues verréckelen.

Südleche Wendekrees änneren

 
Markéierung vum südleche Wendekrees um Stuart Highway an Australien
 
Markéierung vum südleche Wendekrees bei Itaí an Brasilien

De südleche Wendekrees (Tropic of capricorn) ass de südlechste Breetekrees, bei deem d'Mëttegsonn grad nach den Zenit erreecht, nämlech nëmmen den 21. Dezember, dem Dag vun der Summersonnewend vun der Südhallefkugel (an Europa Wintersonnenwende). Et ass de Breetekrees bei 23°26′16″ südlecher Breet a leeft vum Nullmeridian ostwäerts gekuckt duerch de Süde vun Afrika (Namibia, Botswana, Südafrika, Mosambik, Madagaskar), den Indeschen Ozean, Australien, de Pazifik, Südamerika (Chile, de nërdlechsten Eck vun Argentinien, Paraguay, Brasilien) an de Südatlantik.

Am Sënn vun den tropeschen Déierekreeszeechen resp. och no dem Stärebild vun der Ekliptik, an deem d'Sonn bei Aféierung vun de Stärebiller an der Antiquitéit bei der Sonnewend stoung, gëtt de südleche Wendekrees och „Wendekrees vum Steebock“ (Capricornus) genannt. Am Ament steet d'Sonn bei der Sonnewend bedingt duerch d'Prezessioun am Stärebild Schëtz (Sagittarius).

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Latitudes – Biller, Videoen oder Audiodateien