Guangzhou
Guangzhou | |
---|---|
![]() |
|
Land | ![]() |
Status: | Bezierkfräi Stad |
Provënz: | Guangdong |
Koordinaten: | 22°26'N; 112°57' O |
Fläch: | 7.434,4 km² |
Awunner: | 9.100.000 (2005) |
Héicht: | 5 m |
Guǎngzhōu (chin. 广州/廣州, fréier och Kanton, kantonesesch: Guong2zeo1) ass eng Stad am Süde vun der Volleksrepublik China.
A China gëtt d'Stadt och 穗 Suì oder 羊城 yángchéng (Stad vun de Geessen) genannt. D'Symbol vun der Stad ass nämlech eng Statu mat 5 Geessen.
GeographieÄnneren
Si ass d'Haaptstad vun der Provënz Guǎngdōng a läit um Pärel-Floss, net wäit vun Hongkong ewech, an ass vun do liicht mam Zuch z'erreechen.
BevëlkerungÄnneren
Guangzhou huet zirka 9,1 Mio Awunner (Stand 1. Januar 2005).
EkonomieÄnneren
Guangzhou ass eng bedeitend Industrie- an Handelsplaz.
D'Noperschaft vun Hongkong hat - wéi iwwerall am Pärelflossdelta - e gënschtegen Afloss op d'wirtschaftlëch Entwécklung an deem Raum. Zu Guangzhou ass zweemol am Joer eng gutt besichten international Foire (déi gréisst a China). Dat erkläert och, firwat déi Stad puer aussergewéinlech luxuriéis Hotellen huet. Et ass geplangt, an de nächste Joren zu Guangzhou den héchsten Televisiounstuerm vun der Welt ze bauen.
LiteraturÄnneren
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Guangzhou – Biller, Videoen oder Audiodateien |