De Robert Goebbels gebuer den 3. Abrëll 1944 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker.

Robert Goebbels
Gebuer 3. Abrëll 1944
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei LSAP
Famill
Kanner Joanne Goebbels
Rue Robert Goebbels zu Schengen

No senger Ausbildung huet de Robert Goebbels als Journalist geschafft a war vun 1972 bis 1974 President vun der Association luxembourgeoise des journalistes (ALJ). 19701975 war hie Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP).

Tëscht 1976 a 1984 an dann erëm vun 2000 bis 2005 war de Robert Goebbels am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

1984 gouf hie Staatssekretär fir Aussebezéiungen a Staatssekretär fir Wirtschaft a Mëttelstand an der Regierung Santer-Poos I. An där Funktioun huet hien 1985 op der Marie-Astrid d'Schengener Ofkommes fir Lëtzebuerg ënnerschriwwen.

1989, an der Regierung Santer-Poos II gouf hie Minister fir Ekonomie, Transport an ëffentlech Bauten, an 1994, an och, vun 1995 un, an der Regierung Juncker-Poos, Minister fir ëffentlech Bauten an Energie.

Bei de Wale vun 1999 gouf de Robert Goebbels als Deputéierten an d'Europäescht Parlament gewielt. Do gouf hie Vizepresident vun der Partei vun den Europäesche Sozialisten. Seng Schwéierpunkte si virun allem wirtschaftlech a Finanz-Dossieren.

Bei de Wale vun 2004 an deene vun 2009 gouf en erëmgewielt.

De Robert Goebbels huet seng eegen Talk-Show, déi um .dok diffuséiert gëtt.

Hie war Generalkommissär vum Lëtzebuerger Pavillon op der Expo 2010 zu Shanghai.

Vun Abrëll 2016[1] bis Juni 2020 war hie President vum Verwaltungsrot vum Luxembourg High Security Hub[2].

Hien ass zanter 2017 Verwaltungsrotsmember vun der China Everbright Bank (Europe).

Schonn zu Liefzäite gouf hien zu Schengen mat enger Strooss geéiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Robert Goebbels – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Le Freeport disponible à la vente." wort.lu, 25. Abrëll 2016 um 16:00.
  2. "Robert Goebbels: 'Der Freeport braucht eine andere Strategie'." wort.lu, 22.06.2020,