Dëse Bréckenartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Vierendeelbréck ass eng Bréck, déi mat Vierendeelträger gebaut ass. Et ass eng speziell Form vun Dunnebréck.

Vierendeelbréck am Hafe vu Léck

E Vierendeel-Träger ass en Träger aus véiereckege Rummen ouni Diagonalverstriewungen.

E kann am arméiertem Bëtong sou wéi d'Soyer-Bréck zu Tournai (mam Bou ënner der Fuerbunn) oder, wéi déi meescht, aus Stol (mam Bou iwwer der Fuerbunn) sinn.

E gouf nom belschen Ingenieur Arthur Vierendeel (1852-1940) genannt.

Déi éischt Vierendeelstroossebréck war aus Stol, an ass iwwer d'Schelde tëscht Avelgem a Ruien am Joer 1904 gebaut ginn.

Déi Brécke sinn an der Belsch haaptsächlech als Eisebunnsbrécke gebraucht ginn. Vun 1939 un huet ee se bal iwwerall iwwer den Albertkanal gesinn.

Duerch d'Vergréisserung vum Kanal sinn der vill verschwonnen.

Dacks erkennt ee se net direkt erëm, well der vill ofgeronnte Strukturen hunn an dofir gär mat Boubrécke verwiesselt ginn.

Vierendeelbrécken an der Belsch änneren

Plaz Baujoer Geet iwwer Zoustand Artikel op Wikipedia Koordinaten Biller
Adinkerke 1950 Kanal Nieuwpoort-Duinkerke A Betrib   51° 04’ 20.19’’ N
      02° 36’ 12.56’’ O
Anderlecht 1931 Kanal Charleroi-Bréissel Eisebunnsbréck a Betrib Vierendeelbréck vun Anderlecht 50° 50’ 17.54’’ N
      04° 19’ 05.53’’ O
 
Avelgem / Ruien 1906 Escaut Déi Bréck war déi éischt Stroossebréck vun deem Typ. Gouf am Éischte Weltkrich zerstéiert an d'selwecht opgeriicht.
Gouf am Zweete Weltkrich nees zerstéiert an als Vierendeel-Boubréck nees opgeriicht
Bréck vum Waterhoek 50° 46’ 27.2’’ N
      03° 28’ 20.6’’ O
   
Brugge 1933 Kanal Gent-Brugge-Zeebrugge Dréibréck a Betrib bis 2009, gouf du mat enger Kippbréck ersat Scheepsdalebrug 51° 13’ 8.60’’ N
      03° 12’ 34.78’’ O
   
Deinze 1930 Leie 1940 gesprengt Guido Gezellebrug
Gellik 1938 Albertkanal Monument   50° 52’ 44.35’’ N
      05° 36’ 52.96’’ O
 
Gent 1934 Tolhuisdok Stroossebréck, 1940 gesprengt Muidebrug 51° 04’ 13.28’’ N
      03° 43’ 49.06’’ O
Hasselt 1936 Albertkanal Gouf 1982 mat Bow-string-Brécken ersat Brécke vun Hasselt 50° 56’ 32’’ N
      05° 20’ 34’’ O
Herstal / Wandre 1935 bis 1938 Albertkanal
Meuse
D'Bréck vun 1938 huet eng al Bréck vun 1884 ersat déi wéinst dem Bau vum Kanal ewechgerappt gouf. Si huet aus engem Deel mat engem Feld iwwer dem Kanal bestanen an en Deel mat dräi Felder iwwer d'Meuse an hat eng Totallängt vun iwwer 200 m. Se goufe vun den Usines de Braine-le-Comte a vun den Ateliers Cockerill vu Seraing gebaut. D'Brécke goufen am Zweete Weltkrich gesprengt an nom Krich mat Bow-string-Brécken ersat, déi hierersäits 1989 vun der häiteger Breck ersat goufen. Bréck vu Wandre 50° 40’ 26.84’’ N
      05° 38’ 36.73’’ O
 
Kanne 1939 Albertkanal ofgerappt (2004/2005) Bréck vu Kanne 50° 48’ 38.2’’ N
      5° 40’ 16.4’’ O
 
Laeken 1942 Kanal vu Willebroek Eisebunnsbréck a Betrib Vierendeelbréck vu Laeken 50° 52’ 30.1’’ N
      04° 21’ 44.3’’ O
 
Lanaye 1935 Albertkanal ofgerappt (1982) Bréck vu Lanaye 50° 47’ 2.3’’ N
      5° 41’ 19’’ O
   
Léck
(Coronmeuse)
1934 Albertkanal 1981 mat enger Bow-stringbréck ersat Marexhe-Bréck 50° 39’ 17’’ N
      05° 37’ 21’’ O
 
Léck
(Île Monsin)
1938 Kanal vu Monsin a Betrib als Eisebunnsbréck 50° 40’ 03.31’’ N
      05° 38’ 31.07’’ O
 
Léck
(Val Benoît)
1935
1942
Meuse Et gouf zwou Vierendeelbrécken op där Plaz eng vun 1935 mat 2 Béi an eng vun 1942 mat 3 Felder wouvun dat mëttels e Veirendeelbou hat. Eisebunnsbréck vum Val Benoît 50° 37’ 2’’ N
      5° 34’ 46’’ O
 
Meerhout 1939 Albertkanal D'Bréck gouf 2010 mat enger Bow-string-Bréck ersat. Déi al Vierendeeldunne stinn als Monument nieft dem Kanal Bréck vu Meerhout 51° 06’ 27.30’’ N
      05° 03’ 10.92’’ O
Oeselgem 1910 Leie Am 2. Weltkrich gesprengt, mat enger neier Hänk-Boubréck ersat 50° 56’ 00.26’’ N
      03° 26’ 01.37’’ O
Vivegnis 1935 (± 1) Albertkanal Gouf géint 1963 op eng Plaz 1 km nërdlech vun der Originalplaz geréckelt, an 1984 mat enger Bow-stringbréck ersat. Bréck vu Vivegnis 50° 41’ 46.45’’ N
      05° 39’ 33.22’’ O

50° 42’ 14.67’’ N
      05° 39’ 57.77’’ O

Biller vun anere Vierendeelbrécken änneren

 
Gustav-Heinemann-Bréck zu Berlin

Um Spaweck änneren

Commons: Vierendeelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien