Hasselt (Belsch)

belsch Gemeng

Hasselt ass eng belsch Stad a Gemeng an der flämeschsproocheger Communautéit an der Regioun Flandern, an der Provënz Limburg.

Hasselt
Land Belsch
Regioun Flandern
Communautéit Flämesch Communautéit
Provënz Limburg
Arrondissement Hasselt
Awunner 77.651 (1. Januar 2018)
Fläch 10.224
Koordinaten 50° 55’ 00’’ N
      05° 20’ 00’’ O
Telefonszon 011
Postcode 3500
Websäit https://www.hasselt.be

Hasselt ass d'Haaptstad vun der Provënz Limburg an der Eurogio Meuse-Rhäin, a läit um Albertkanal an um Demer tëscht der Campine an der Hesbaye.

Hasselt war fréier eng vun den 23 Bonnes villes am Fürstentum Léck.

Zu Hasselt wunnen 71.543 Leit an d'Gemeng huet eng Fläch vu 102,24 km².

Geschicht änneren

Géint Enn vum 12. Joerhonnert koum Hasselt, dat deemools nach keng Stad war, bei d'Grofschaft vu Looz dobäi, an huet vun deem Moment ugefaange sech ze vergréisseren. Déi éischt erhalen Dokumenter vun 1295 ernimme Schoulen déi et zu Hasselt gouf, e Spidol, eng Bäckerei an d'Kierchefabrik. 1315 war Hasselt déi gréisst Maartplaz vun der Grofschaft vu Looz, a koum dunn 1365 bei d'Fürstentum Léck dobäi, huet awer seng al Rechter an Institutiuone behalen.

D'Festungsinstallatiounen déi zanter 12982 ëmmer méi ausgebaut gi waren hu missen op Uerder vum Herzog vu Burgund, dem Karel de Kéngen, am Joer 1476 ofgerappt ginn. Si goufen awer 1495 erëm nei opgebaut a vergréissert.

Am 16. an am 17. Joerhonnert hu räich Bierger déi grouss Villaen opgeriicht, déi een haut och nach deelweis zu Hasselt gesi kann.

Am 17. Joerhonnert koumen du méi onroueg Zäiten op d'Stad duer. Si gouf vun Auslänner besat. Am Ufank waren et d'Preisen an d'Hessen, an duerno d'Schweden. D'Kroate koumen 1675, an déi goufe vun den Hollänner verdriwwen, déi bis 1681 bliwwe sinn.

Wéi d'Hollänner sech verzunn hunn, hu se d'Festungsmauere gesprengt. Déi goufen awer alt erëm eng Kéier 1705 frësch opgeriicht.

Am 18. Joerhonnert war et dunn eng Zäit roueg bis d'Fransousen d'Stad 1794 besat hunn. Dunn ass d'Gestteids erëm lass gaangen. Déi héich franséisch Steieren an d'deelweis Ofschafe vum Klerus, verbonne mat der Obligatioun datt d'Paschtéier hu missen en Treieed ofleeën, hunn zu enger Revolt geféiert, de Bauerekrich. Et war de Bauere vun Hasselt och gelongen d'Fransousen ze verdreiwen, déi koumen awer mat enger verstäerkter Arméi erëm, an déi Hasselter hu missen opginn.

1830 gouf d'Stad Hasselt du provisoresch den Haaptuert vun der Provënz Limburg, an 1839 gouf se dat definitiv.

Et huet bis 1850 gedauert bis Hasselt, dat bis do nach relativ isoléiert war, Verbindung mat dem Rescht vun der Belsch krut. Et goufen nei Stroosse gebaut, d'Eisebunn huet eng Linn duerch Hasselt a Richtung hollännesch Grenz gezunn an de Canal de Campine gouf gebaut. Dat war och d'Zäit wou d'Wakelterbrennerei hir Bléi hat. Bis 1914 war d'Brennerei déi eenzeg industriell Aktivitéit zu Hasselt. Ausganks des 19. Joerhonnert gouf et eng Ronn 30 Brennereien déi ëm déi 330 Leit beschäftegt hunn. No an no hunn d'Profitter vum Brennen aner Aktivéite mat sech bruecht, déi räich Brenner hunn e Schluechthaus gebaut an eng Keramik- souwéi eng Gelatinesfabréck gegrënnt. Den Éischte Weltkrich huet déi Prosperitéit allerdéng op d'Kopp gehäit. De Besatzer huet d'Dampmaschinnen an de Koffer vun den Alembicke gezoppt, a mat der Brennerei war et dunn eriwwer. Nom Krich sinn Accisen ëm dat véierfacht an d'Luucht gaangen an d'Gesetz Vandervelde iwwer d'Repressioun vum Soff de Verkaf vum Wakelterbranntwäinn drastesch reduzéiert. Als Noutléisung hunn dunn déi Brennereien déi iwwerrlieft haten, ugefaange Likören ze produzéieren. Méi doriwwer gëtt een am Musée national du Genièvre gewuer.

No dem Zweete Weltkrich huet Hasselt sech duerch den industriellen Opschwonk an duerch den aktiven Handel zu enger moderner Stad mat ville Schoulen, Spideeler, a Geschäfter entwéckelt. D'Gemeng huet och grousse Wäert drop geluecht fir stänneg d'kulruell Ariichtungen ze verbesseren.

Kuckeswäertes zu Hasselt änneren

  • Op der Grand-Place:
    • Um Eck vun der Maartplaz mam Huewermaart déi fréier Haiser De Draeck an De Sleutel. D'Haiser sinn am klassizischtesche Stil Enn vum 18. Joerhonnert gebaut ginn, a koumen 1980 ënner Monumenteschutz.
    • D'Voetboge Camer oder och Hoichbrugge war fréier d'Gebai wou den Appelatiounshaff dra war, haut gehéiert et der Gild vun den Arembroscht-Tireuren.
    • ´t Sweert eent vun de schéinste Fachwierkhaiser aus Holland, dat zanter 1462 ënner dësem Numm bekannt ass. Dëst Haus war fréier eng Poststatioun a gouf 1713 eng Apdikt.
  • An der Hoogstraat:
    • D'Gebai De Roos aus dem 18. Joerhonnert, mat engem Rouseknapp um Daach.
    • Vis-à-vis vum Gebai De Roos, d'Haus De Helm an deem de Keeser Charel V. 1521 logéiert huet.
    • D'Fassad vum Haus De Koning van Polen aus dem Joer 1783.
    • Op N° 15 De drij Pistolen. Obschonn op de Enseigne vu 1730 dräi Pistoule gemoolt sinn, kënnt den Numm net dohier. Et ass en Uspill op de Präis deen e Mëttegiessen an der Zäit vun de Spuenier kascht huet. D'Pistole war eng spuenesch Mënz déi déizäit am Ëmlaf war.
    • Op N° 25 De Lakenhalle aus dem 17. Joerhonnert. D'Gebai krut den Numm als Erënnerung un d'Dicherfabréck aus dem 15. Joerhonnert déi op der Plaz vun dësem Gebai stoung. An der Zäit vum Bauerkrich war et e Prisong.
  • An der Koning Albertstraat:
  • An der Guffenslaan:
    • D'Gendarmerieskasär vun 1829
    • De St. Jousefskolléisch vun 1881
  • An der Kapelstraat:
  • Net wäit vun der Basilika steet eng bronze Sculptur vum Ris vun Hasselt Don Christophe oder De Langeman genannt.
  • D'Brécke vun Hasselt iwwer den Albertkanal

Jumelagen a Partnerstied änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Hasselt – Biller, Videoen oder Audiodateien