D'Bréck vu Kanne ass eng Stroossebréck zu Kanne, (Limburg) an der Belsch, iwwer den Albertkanal. Et ass eng Hänkbréck a gouf tëscht 2004 an 2005 gebaut fir eng al Vierendeelbréck vun 1939 z'ersetzen. Iwwer d'Bréck geet d'Nationalstrooss N 619. Den Tablier aus Stol huet eng Längt vun 120 Meter. D'Peileren an d'Opleeër sinn aus arméiertem Bëtong. D'Bréck steet um P.K. 19.31 vum Albertkanal.

Bréck vu Kanne
Ënner der Bréck vum lénksen Uwänner gesinn
Vue laanscht d'Bréck vun der Hafesäit

Hir Nopeschbrécke sinn d'Bréck vu Vroenhoven an d'Bréck vu Lanaye

Büroen an Entreprisen déi matgeschafft hunn änneren

  • Force Technology: fir d'Loftwidderstänn ze berechnen
  • lv-Infra: Struktur an Design
  • Victor Buyck Steel Construction N.V.: Stole Konstruktioun
  • Antwerpse Bouwwerken an Herbosch-Kiere n.v: Bëtongskonstruktioun

Literatur änneren

  • Parallel lines, a Bridge Design & Engineering, 3. Trimester 2005, n. 40 v. 11.
  • Une première pour le Cohestrand, a Sols et Structures, 2. Semester 2005, n. 222.
  • Lecinq, Benoît: Le pont de Kanne en Belgique - Une première pour le Cohestrand, an Travaux, Abrëll 2006, n. 829.