D'Marexhe-Bréck ass eng Stroossebréck tëscht Léck an Herstal an der belscher Provënz Léck. Si verbënnt de Quartier Coronmeuse mam Lécker Hafen op der Monsin-Insel. Se féiert iwwer den Albertkanal an ass déi éischt Bréck flossof gezielt.

Marexhe-Bréck
Geographie
Land Belsch
Plaz Léck
Koordinaten 50° 39’ 17’’ N
      05° 37’ 21’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Fuerspueren 2
Féiert iwwer Albertkanal (Pk 0,432)
Technesch Detailer
Bréckentyp Bow-stringbréck
Material Stol, Arméierte Bëtong
Bemierkungen
Opgaangen 1991

D'Bréck huet eng 49.65 m laang Vierendeelbréck vun 1934 ersat. Virun 1934, ier den Albertkanal gebaut war gouf et op derselwechter Plaz schonn eng Bréck déi deemools iwwer d'Laye (en Aarm vun der Meuse tëscht der Insel an dem Kanal Léck-Maastricht) gefouert huet.

Literatur änneren

  • Crémer Jean-Marie: Les bow-strings en Belgique, am "Bulletin annuel de l'AFGC", 1999, n. 1.
Bréck virdrun
-
Brécken iwwer den Albertkanal Bréck duerno
Bréck vu Milsaucy