Bréck vu Vivegnis
Stroossebréck iwwer den Albertkanal tëscht Vivegnis a Chertal an der belscher Provënz Léck
D'Bréck vu Vivegnis war eng Stroossebréck iwwer den Albertkanal tëscht Vivegnis a Chertal an der belscher Provënz Léck. Se gouf bei der Explosioun vun enger Gasleitung, déi ënner der Bréck houng, zerstéiert en net méi opgeriicht.
Reschter vun der zertéierter Bréck | |
Geographie | |
---|---|
Land | Belsch |
Plaz |
Vivegnis Chertal |
Koordinaten |
50° 42’ 14.67’’ N 05° 39’ 57.77’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als |
Stroossebréck (Rue Westphal) |
Fuerspueren | 2 |
Féiert iwwer | Albertkanal (Pk 6.790) |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp |
Vierendeelbréck (1.Bréck) Bow-stringbréck (2. Bréck) |
Längt tëscht Widderlager | 136,00 |
Felder/Béi | 1 |
Material | Stol - Arméierte Bëtong |
Bemierkungen | |
Opgaangen |
1936 (1. Bréck) gouf 1967 versat 1984 (2. Bréck) |
Zerstéiert |
14. August 1985 (Gasleitungsexplosioun) |
Et war déi zweet Bréck op där Plaz. Déi éischt war eng Vierendeelbréck déi uganks der 1960er wéi op der Insel vu Chertal eng nei Schmelz opgeriicht gouf, vun hirer Originalplaz déi 1 km méi südlech war, mat grousse Laaschterolleren iwwer d'Halterweeër dohi geréckelt gi war.
Bréck virdrun Meusebréck vu Chertal |
Brécken iwwer den Albertkanal | Bréck duerno Bréck vun Hermalle |