VY Canis Majoris
De VY Canis Majoris (VY CMa) ass ee rouden Iwwerris. Dëse Stär ass ee vun der gréisste bekannte Stären.
VY Canis Majoris | |
Stärebild: | Canis Major (CMa)
|
Daten (Equinoxe J2000.0) | |
Rektaszensioun | 07h 22m 58,331s |
Deklinatioun | − 25° 46' 03,17" |
Visuell Magnitude | + 8,08 mag |
Spektralklass: | M3 II/M4 II: |
Verännerleche Stärentyp | Hallefreegelméisseg verännerleche Stär |
Astrometrie | |
Radialvitess: | +49 km/s |
Parallax | zirka 0,67 mas |
Distanz | 3900 Lj |
Absolut Hellegkeet | zirka −3 mag |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | 30 bis 40 M☉ |
Radius: | 1420 ±120 R☉ |
Liichtkraaft: | ? L☉ |
Uewerflächentemperatur | ? K |
Aner Bezeechnungen | |
CD | −25° 4441 |
Henry-Draper-Katalog | HD 58061 |
Hipparcos-Katalog | HIP 35793 |
SAO-Katalog | SAO 173591 |
Tycho-Katalog | TYC 6541/2525/1 |
D'Roberta M. Humphreys (2006) huet de Radius vun VY CMa op dat 1800- bis 2100-fach vum Sonneradius berechent. Wann eis Sonn mat sou engem Stär géif ersat ginn, da géif seng Uewerfläch nach bis iwwer d'Ëmlafbunn vum Saturn reechen.
Et gëtt zwou ënnerschiddlech Meenunge fir d'Zouuerdnung vum VY CMa. Déi eng Fuerscher (souwéi d'Roberta M. Humphreys's an hirer Aarbecht[1]) mengen, datt de Stär e ganz groussen an helle rouden Iwwerris ass. Anerer (sou d'Ënnersich vu Massey, Levesque a Plez[2]) kommen zum Resultat, datt de VY nëmmen en normale roude Ris ass.
D'Distanz zu der Aerd ass ongeféier 3.900 Liichtjoer).
Den Nummdeel „VY“ kënnt vun der Reegel déi bei den Nimm vu verännerleche Stäre gebraucht gëtt, an no där de VY Canis Majoris den 43te verännerleche Stär ass, deen am Stärebild Groussen Hond entdeckt gouf.
Um Spaweck
ännerenCommons: VY Canis Majoris – Biller, Videoen oder Audiodateien |