E Rouden Iwwerris ass e Stär, deen um Enn vu senger Entwécklung ukomm ass a sech riseg opgeblosen huet.

Den Iwwerris VY Canis Majoris am Verglach mat der Sonn.

Hie gläicht engem Roude Ris, ass awer méi grouss a masseräich. En Iwwerris kann déi 10- bis 50-fach Mass an e Radius kréien, deen 1000-mol méi grouss ass, wéi eis Sonn.

Nom Erreeche vum Dräi-Alpha-Prozess am Kär vum Stär léisst de Stralungsdrock no. D'Gravitatiounskräften iwwerweien an drécken dat Bannenzegt vum Stär zesummen, dat sech daduerch erhëtzt. Dëst féiert zu enger Ausdeenung vun de baussenzege Gasschichten, déi dobäi ofkillen, an d'Liicht haaptsächlech am roude Spektralberäich ofstralen. Déi absolut Hellegkeet vun engem Iwwerris ka -10M erreechen.

D'Stäre Betelgeuse an Antares si bekannt Rout Iwwerrisen. De Stär VY Canis Majoris huet 1800 bis 2100-mol den Duerchmiesser vun eiser Sonn.

Beispiller änneren

Numm Mass Radius Liichtkraaft
Antares (α Sco A) 15–18 M 820 R 90.000 L
Betelgeuse (α Ori A) 20 M 1000–950 R 135.000 L
Granatstär (μ Cep A) 25 M 1420 R 350.000 L
Rubinstär (119 Tau) 15–18 M 600 R 50.000 L
VV Cephei A 25–40 M 1900–1600 R 275.000–575.000 L
VY Canis Majoris 30–40 M 2100–1800 R 400.000–500.000 L

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rouden Iwwerris – Biller, Videoen oder Audiodateien