Eng Vëlospist ass en Deel vun der ëffentlecher Verkéiersfläch, dee fir de Vëlosverkéier reservéiert ass. An Europa gëtt se duerch e blot ronnt Schëld mat engem wäisse Vëlo drop ugewisen, da mussen d'Vëloen do drop fueren. Wann d'Schëld véiereckeg ass, da kënne se drop fueren, mä mussen net.

D'Vëlospist PC3 zu Méischdref
D'Vëlospist iwwer d'Al Bréck an der Stad

Vëlospiste kënnen op verschidde Manéieren ugeluecht sinn, z. B. laanscht eng Strooss vun där se just duerch eng Markéierung um Buedem getrennt sinn (duebelen oder breeden duerchgezunne Stréch), oder securiséiert doduerch, datt tëscht der Pist an der Strooss eng Sträif Grénges ass, sief et Wues oder Hecken, oder soss en Hënnernes wéi e Gruef, Leitplank oder e Gelänner. Sou Piste sinn normalerweis op den zwou Säite vun der Strooss a ginn an der Direktioun vum Verkéier befuer. Dacks si s'um Buedem duerch eng aner Zort vu Belag markéiert, oder de Belag huet eng aner Faarf. Sou Piste fënnt e besonnesch a Stadgebidder.

Iwwerlandpiste kënnen op Weeër ugeluecht sinn déi soss nach just vum landwirtschaftleche Verkéier benotzt kënne ginn, oder et kënne Weeër sinn, déi nëmme fir Vëloen oder och alt fir Vëloen a Foussgänger reservéiert sinn.

Touristesch Vëlospiste ginn hautdesdaags dacks op desaffektéierten Eisebunnsstrecken, oder op Halterweeër laanscht Kanäl ugeluecht.

Déi éischt Vëlospist, déi an deem Sënn zu Lëtzebuerg ugeluecht gouf, war den Deel vu Reisduerf op Iechternach vun der PC3 dem sougenannten Itinéraire cyclable des trois rivières[1], déi ëm 1975 op Initiativ vum Tourismusministère op der fréierer Sauertstreck amenagéiert gouf. 2011 gouf et 23 touristesch Vëlospisten am Land.

Mam Gesetz vum 28. Abrëll 2015[2] gouf de legale Kader geschaaft fir de Reseau u Vëlospisten zu Lëtzebuerg vun 23 op 41 z'erhéijen[2],[3].

Bekannt Vëlospisten an der Belsch sinn d'Piste vum RAVeL a vum PréRAVel, déi fir de Moment[Wéini ?] awer nach kee feste Belag hunn, a just mat zolittem Geschier wéi VTTsvëloe kënne befuer ginn.

De legale Kader zu Lëtzebuerg

änneren

Wann am allgemenge Sproochgebrauch vun enger Vëlospist geschwat gëtt, sou gëtt et am lëtzebuergesche Code de la route awer verschidden Nuancen[4]:

  • eng Vëlospist (piste cyclable) ass entweeder op enger eegener Trass ugeluecht oder materiell vun der Autosspuer ofgetrennt a fir d'Vëlosfuerer reservéiert. Et gëtt:
    • déi obligatoresch Pist (piste cyclable obligatoire) iwwer déi de Cyclist fuere muss. Dës Pist gëtt mam ronne Schëld D, 4 gezeechent; d'Enn vun der Pist mam Schëld D, 4a;
    • déi recommandéiert Vëlospist (piste cyclable conseillée) iwwer déi de Vëlosfuerer net fuere muss, hie kann och op der normaler Fuerbunn fueren, wann hien z. B. méi séier viru komme wëll. Fir dës Pist ginn déi véiereckeg Schëlter F, 19a (Ufank) an F, 19aa (Enn) gebraucht;
  • eng obligatoresch Vëlosspuer (voie cyclable obligatoire) ass eng Fuerspuer vun der ëffentlecher Strooss déi fir d'Vëlosfuerer reservéiert ass an iwwer déi se fuere mussen. Se gëtt duerch en duerchgezunnene Stréch vun den anerer Fuerspuere getrennt ass;
  • eng suggestiv Vëlosspuer (voie cyclable suggestive) ass eng Fuerspuer déi fir de Vëlosverkéier geduecht, awer net exklusiv derfir reservéiert ass. Se ass mat engem ënnerbrachene Stréch vun den anerer Spuere getrennt;
  • e Wee fir Vëlosfuerer a Foussgänger (chemin pour cyclistes et piétons) ass entweeder op enger eegener Trass ugeluecht oder materiell vun der Autosspuer ofgetrennt a reservéiert fir Vëlosfuerer a Foussgänger. Et gëtt:
    • den obligatoresche Wee fir Vëlosfuerer a Foussgänger (chemin obligatoire pour cyclistes et piétons) deen d'Cyclisten an d'Foussgänger benotze mussen. Déi ronn Schëlter D, 5a an D, 5b weisen den Ufank an d'Schëlter D, 5aa an D, 5ba d'Enn vu sou engem Wee un;
    • de recommandéierte Wee fir Vëlosfuerer a Foussgänger (chemin conseillé pour cyclistes et piétons) iwwer deen d'Foussgänger goe mussen an d'Cyclisten driwwer fuere däerfen, awer net mussen. Dës Weeër si mat de véiereckege Schëlter F, 20a an F, 20aa respektiv F, 20b an F, 20ba gezeechent.

Do dernieft schwätzt d'Gesetz vun 2015[2] vu Vëlosstrecken (itinéraires cyclables) vum nationalen a kommunale Reseau. Dëst sinn deemno Verbindungen tëscht eenzelen Uertschaften. Op dëse Vëlosstrecke weisen z. B. d'Schëlter E, 7b, E, 7c an E, 7d de Wee deen ee fuere muss fir säin Zil z'erreechen.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Vëlospist – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. virun 2015: piste cyclable des trois rivières
  2. 2,0 2,1 2,2 Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux.
  3. Déi 41 Piste sinn: PC1 - PC29 (29) a PC32 - PC 38(7), grad ewéi d'Nummeren 30a, 30b, 30c 31a an 31b (5).
  4. Kapitel II „Définitions“, Artikel 2, Abschnitt 1.21 - 1.24 aus dem Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerungen duerno, op Legilux - den Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt den 8. Mee 2018.