Schëld D, 4

Verkéiersgebuetsschëld Lëtzebuerg


D'Schëld D, 4 ass e Verkéiersgebuetsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat de Vëlosfuerer uweist, datt de Vëloswee oder d'Vëlosspuer wou d'Schëld steet fir si reservéiert ass an et weist den anere Benotzer un, datt si en net benotzen däerfen. D'Vëlosfuerer mussen d'Vëlosspuer benotzen; si mussen de Vëloswee benotze wann dee laanscht eng Strooss, e Wee fir Foussgänger oder fir Reider féiert a wann deen an déi selwecht Richtung geet.

Schëld D, 4
Obligatoresche Vëloswee oder obligatoresch Vëlosspuer
Bezeechnung D, 4
Kategorie Verkéiersgebuetsschëld
Land Lëtzebuerg

Originaltext aus dem Code de la Route änneren

„4. Piste cyclable obligatoire ou voie cyclable obligatoire - Le signal D,4 indique aux conducteurs de cycles que la piste cyclable ou la voie cyclable à l'entrée de laquelle il est placé leur est réservée, et aux conducteurs d'autres véhicules qu'ils n'ont pas le droit d'emprunter cette voie publique ou cette partie de voie publique. Les conducteurs de cycles doivent emprunter la voie cyclable; ils doivent emprunter la piste cyclable quand celle-ci longe une chaussée, un chemin pour piétons ou un chemin pour cavaliers et va dans la même direction“

Artikel 107 – IV. Signaux d'obligation[1]

Bemierkungen änneren

  • D'Schëld D, 4 gehéiert zu de Schëlter déi 1955 an der éischter Versioun vum Code de la route agefouert goufen; et war deemools ënnert der Nummer 44 vum Artikel 107 definéiert[2].
  • Wann een dëst Gebuetsschëld net respektéiert, riskéiert een e Pretekoll vu 74 Euro (awer kee Verloscht vu Punkte vum Punktefürerschäin)[3]

Kuckt och änneren

  • Schëld D, 4a: „Enn vum obligatoresche Vëloswee oder der obligatoresch Vëlosspuer“
  • Schëld F, 19a: „Recommandéierte Vëloswee“

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéiersgebuetsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  2. (fr)Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (version initiale). data.legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  3. ANNEXE I - Catalogue des avertissements taxés aus dem Règlement grand-ducal du 26 août 1993 relatif aux avertissements taxés (...) et en matière de permis à points mat Ännerungen duerno, am Code de la route - Recueil de législation routière